Et wier och net déi éischte Kéier, datt hie sech dozou geäussert hätt. Amplaz eng Reaktioun ze kréien, géif den ADR EU-Deputéierte Fernand Kartheiser et weider un d‘Spëtzt dreiwen, esou de Robert Mehlen.
Hien ass der Iwwerzeegung, datt eng Partie aner Leit seng Meenung deelen. Datt d‘Parteileedung dem Fernand Kartheiser de Réck stäipt, kéint ee strategesche Choix sinn, mengt de Robert Mehlen. Dat, fir eng Parteispaltung ze verhënneren.
"Diskussiounen déi gefouert ginn, sinn ermiddend"
Net just un der Positioun zu Russland stéiert sech den ADR-Éierepresident: Och mat hire Positiounen a Saache Klimapolitik kéint de Robert Mehlen sech net identifizéieren.
Hie géif scho länger Distanz huelen zur Partei, wier awer nach a verschiddene Gremien dran. Déi Diskussiounen déi do gefouert ginn, wieren ermiddend, esou de Robert Mehlen.
Als Éierepresident vun der Partei huet de Robert Mehlen d‘Hoffnung, datt säi Wuert nach méi an d‘Gewiicht kéint falen.