Dat neit Naturschutzgesetz soll méi Flexibilitéit beim Bebaue vun Terrainen bréngen. Dat, andeems net méi op Mikrolevel géif gekuckt ginn, mee op Makroniveau. De Gesetzesprojet géif iwwerdeems virgesinn, datt verschidde Spezië reegelméisseg iwwerwaacht ginn, erkläert den Alex Donnersbach.
"Wann et do Regressioune ginn, da kann net méi iwwert de couvert boisé ofgedeckt ginn. Da muss déi normal Prozedur, wéi se am Fong lo och ass, applizéiert ginn."
Et misst een den Zoustand vu beispillsweis Schmuewelen am Ganze kucken, an net op all eenzelt Nascht. Doduerch, datt ee bis ewell esou Näschter misst emsiedelen, géife Projeten an de Retard kommen.