Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ “Wat ee méi laang waart, wat ee méi muss agräifen”

Pensiounsreform

“Wat ee méi laang waart, wat ee méi muss agräifen”

Et wier net ze fréi, fir iwwer eng Pensiounsreform ze schwätzen, seet den Alain Reuter. De President vun der Pensiounskeess begréisst, datt am Hierscht eng Diskussioun iwwert de Pensiounssystem gefouert gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Am Moment deiten d’Projektiounen drop hin, datt an dräi Joer eng éischte Kéier méi u Pensioune muss ausbezuelt ginn, wéi iwwer d’Cotisatiounen erakënnt. Wann een déi Diskussiounen eréischt 2027 géif ufänken, da géif ee riskéieren, keng rationell Argumenter méi op den Dësch kënnen ze leeën. 

Wat ee méi laang waart, wat een och méi staark misst agräifen. Et géif ee riskéieren "mam Kapp widdert der Mauer", ze stoen.

“D’Mauer réckelt zwar och nach e bëssen, wann ee fest genuch dréckt, mee d’Manoeuvrabilitéit ass op alle Fall net méi ginn 2027, an nach manner 2033.”

Den Dynamismus vum Aarbechtsmarché zielt

D’Cotisatioune géifen net duerch eng Erhéijung vum Taux an d’Luucht goen, mee duerch den Dynamismus um Aarbechtsmarché. Wann een zum Beispill eng Kéier 500.000 Mënschen an der Pensiounskeess hätt, sou misst ee 700.000 bis 800.000 Salariéen hunn. Dat wier eng Situatioun déi ee sech haut net kéint virstellen.

Lauschterenplay_arrow