D’Applikatioun fir de Smartphone wier nach an enger interner Testphas. Den Inneministère geet dovun aus, datt a ronn sechs Méint déi al “Gouvalerte”-App duerch den neien “LU-Alert” wäert ersat ginn.
Dobäi wäert virun allem d’Personaliséierung an der Applikatioun nei sinn, erkläert de Pol Henrotte vum Inneministère.
"Et kann ee sech fir verschidde Kategorië vu Risiken abonéieren. Dat kënne Wiederrisike sinn, Liewensmëttelrisiken, an och Warnniveauen, wou awer natierlech ee gewëssen héije Warnniveau obligatoresch wäert sinn."
Och d'Sprooch wäert an der neier App wielbar sinn.