Zu Lëtzebuerg liewen haut bal 4.000 arabeschsproocheg Flüchtlingen, déi haaptsächlech aus Syrien an dem Irak geflücht sinn. Vill vun hinnen hu Schreckleches erlieft, wëllen a kënnen nimools méi an hiert futtist Land zréckgoen. Si probéieren sech hei zu Lëtzebuerg eng nei Zukunft opzebauen. Dat ass net einfach, virun allem fir Erwuessener, déi keng Studie gemaach hunn. Eis Sprooche si fir si ganz schwéier ze léieren, sou datt si kee richtegt Gespréich mat eis féiere kënnen. Well se nëmme seelen eng Aarbecht a meeschtens keng anstänneg Wunneng fannen, hausen se zanter Joren a Foyeren uechtert d'Land, ouni Perspektiv op eng bezuelte Beschäftegung oder op en anstännegt Doheem. Si verstinn d’Bréiwer net, déi si vun de Verwaltunge geschéckt kréie, verpasse Rendez-vousen an Délaisen a verstinn dann net wa si zum Beispill dowéinst de Revis gekierzt kréien.
E Projtet fir déi Populatioun ze ënnerstetzen
Engagéiert Mënschen aus der Zivilgesellschaft hunn eng Vereenegung „Eng Zukunft zu Lëtzebuerg“ gegrënnt fir des vulnerabel Populatioun speziell ze ënnerstëtzen. Mat Hëllef vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte gouf e Projet ausgeschafft an d’Paie vun 2 Mataarbechter finanzéiert, déi de syresch - arabeschen Dialekt beherrschen.
D'Finanzementer waren op 2 Joer limitéiert, mee well d’Integratioun vun dëse Leit an eis Gesellschaft vill méi komplizéiert ass wéi am Ufank ugeholl, huet d’Oeuvre hiren Accord gi fir de Projet ze verlängeren. Allerdéngs ënner der Oplag, datt entweder e Ministère oder en Träger aus dem Sozialwiesen, d’Aktioun géif iwwerhuelen.
Hëllefen zu Lëtzebuerg zuwee kommen
Bal 600 arabesch Flüchtlingsfamilljen oder Eenzelpersoune konnten am Kader vun dësem Projet, gehollef kréien, haaptsächlech mat Erklärungen, wéi Lëtzebuerg funktionéiert, wat geet a wat net geet. Mataarbechter vum Projet hunn an hirer Sprooch mat verständleche Wierder erkläert, wéi een hei zu Lëtzebuerg zuwee kënnt, datt d’Zukunft net doranner besteet esou weider ze liewe wéi zu Damaskus oder Bagdad, datt een net nëmme Rechter mee och Flichten huet. Leider gouf des Ëftere festgestallt, datt bildungsschwaach Flüchtlinge vu sinistere Personnage beaflosst ginn, déi hinnen op de soziale Medie priedegen, sech net ze integréieren, well se soss hir Relioun oder hir Wäerter géife verroden.
Den 31. Dezember 2022 huet de Projet opgehalen, den Integratiounsministère huet keng Méiglechkeet gesinn oder wëlle gesinn, des Aktioun weiderzeféieren.
Iwwer d’Frustratioun keng Plaz an eiser Gesellschaft ze fannen
Bildungsschwaach Flüchtlinge kommen ouni eng geziilt a fir si verständlech Hëllef zu Lëtzebuerg net zuwee. Si kapselen sech an hirer Communautéit of, mat hire Bräich, hirer Mentalitéit an hirer Relioun a si frustréiert keng Platz an eiser Gesellschaft ze fannen. Am Ofschlossbericht vum Projet, deen am Mee erschéngen ass, gouf an aller Däitlechkeet op dës Problematik higewisen. Mee leider huet dëse Bericht bei der Politik an an der Ëffentlechkeet kaum Opmierksamkeet erreegt.
Frustratioun seng Plaz an eiser Gesellschaft net ze fannen, kann de Wee op maache fir eng schläichend Radikaliséierung. Dogéint kann ee wierke mat Begleedung beim Entdecken a Verstoe vum neie Liewensëmfeld an esou Ängschten a Virurteeler op béide Säiten ofbauen.
Dat muss awer geplangt, begleet, ëmgesat a finanzéiert ginn - vun Näischt kënnt Näischt. Dat wat sécher net hëlleft, ass d'Aen zou maachen an hoffen, datt de Problem sech vum selwe léist.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.