Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Inneminister stellt sech Froe vu véier Deputéierten zum Heescheverbuet

Ëffentlech Chamberdebatt

Inneminister stellt sech Froe vu véier Deputéierten zum Heescheverbuet

An der Chamber gouf et Diskussiounen ëm d’Heescheverbuet an d’Ëmsetzen duerch d’Police. Net manner wéi véier Deputéierte wollten an der Froestonn Detailer vum Inneminister Léon Gloden respektiv der Justizministesch Elisabeth Margue. Dobäi koum eng Question urgente vun de Piraten.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance / Zoonar | HGVorndran play_arrow
(Foto: picture alliance / Zoonar | HGVorndran)

D’Paulette Lenert an d’Taina Bofferding vun der LSAP, de Marc Baum vun Déi Lenk an de Marc Goergen wollten Explikatiounen zu der Aktioun vun e Méindeg.

Sven Clement "Ech hunn d'Gefill, datt d'Police hei hänke gelooss gouf"

Wéi vill Poliziste waren am Asaz, wéi eng Instruktioune gouf et fir d’Beamten a wéi ass de Bilan vun der Aktioun waren dobäi Haaptsujeten, den Deputéierte vun de Piraten Sven Clement:

"Ech hunn op alle Fall d’Gefill, datt d’Police hei hänke gelooss gouf, hänke gelooss an enger Onkloerheet wou se net weess wéi se dat, wat hire Minister decidéiert huet, wéi en d’Kap vum Inneminister un hat, dann elo soll ëmsetzen."

Léon Gloden: Police soll sech e Bild vun der Lag maachen

D’lescht Woch hätt hien eng Reunioun mat de Responsabele vun der Police a der Stad Lëtzebuerg geatt. DPoliceaktioun wier deemno an engem gréissere Kontext vum Kampf géint Drogekriminalitéit an illegal Immigratioun ze gesinn, erkläert den Inneminister. Do wier een sech och iwwer déi grouss Linne vun der Policeaktivitéit eens ginn.

"Et ass do ganz kloer festgehale ginn, datt d’Police um Terrain sech soll e Lagebild maachen, datt se mat deene Leit soll schwätze fir och ze verstoe firwat se do sëtzen. Et ass och ganz kloer gesot ginn dat d’mendicité aggressive an harcelante soll bekämpft ginn an och do wou et néideg ass d’Salubritéit soll hiergestallt ginn."

Bis elo keng Goldstrofen oder PV

Sechs Polizisten an zwee Beamte vun der Police judiciaire wieren am Asaz gewiescht, weider Detailer an dem Kontext wéilt de Minister just am huis clos an der Kommissioun ginn.

Strofen oder Platzverweiser wiere bis elo keng ausgeschwat ginn.

"Et ass kee PV bis elo gemaach ginn, et ass och keng Geldstrof prononcéiert ginn, dat kënnen d’Poliziste guer net um Terrain. Dofir all déi déi hei vum état de droit schwätzen, Här Clement, well dat muss an engem Text virgesi sinn."

Den Inneminister huet weider präziséiert, datt déi betraffe Leit och iwwer sozial Strukture wéi d’Wanteraktioun informéiert gi wieren. Sans-abrisen wiere vun der Aktioun net betraff well dat am Reglement net virgesi wier.

Lauschterenplay_arrow