Radioen

On air

De Moien  |  Klein - Episode

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Informatiounszougang: Presserot hofft nach op Ännerungen

Gesellschaft

Informatiounszougang: Presserot hofft nach op Ännerungen

De Presserot wënscht sech nach eng Rei Ännerungen um Gesetz iwwer den Informatiounszougang, wat d’Regierung viru Kuerzem proposéiert huet. Et missten zum Beispill fix Delaie festgeluecht gi fir Ufroen iwwer bestëmmten Informatiounen ze traitéieren, esou d’Presidentin vum Presserot.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
(Foto: Chris Zeien)

De Presserot begréisst iwwerdeems, datt an den Text soll stoe kommen, datt Journalisten d’Recht hu fir vill verschidden Zorte vun Informatioune beim Staat un ze froen. 

„Dat muss kee schrëftlech Dokument sinn: Et kann och eng Kaart sinn, et kann eng Statistik sinn, et kann eng Datebank sinn, an déi Informatioun kann och op e puer verschidde Plaze ofgespäichert sinn.“

Sécherstellen, datt sech net permanent op Ausname beruff gëtt

Nei wier der Lynn Warken no och, datt Beamt:inne Journalisten a Journalistinne sollen hëllefe fir un Informatiounen ze kommen. 

Et misst och séchergestallt ginn, datt staatlech Institutioune sech net permanent op Ausnamen am Gesetz kënne beruffe fir Informatiounen dann awer net public ze maachen, betount d’Lynn Warken

De Presserot géif d‘Gesetz elo auserneen huele fir ze kucken, wou et u seng Limitte stéisst.

„Fir sécher ze stellen datt dat Gesetz net dono anti-demokratesch ass.. Well stellt Iech vir, et géif duerch dat Gesetz dono dozou kommen, datt verschidden Dokumenter net méi un d’Press kënne kommen. Dat wier jo dann éischter e Schrëtt zeréck.”

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft
Interview