Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Solange - Don't You Wait

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Opruff zu Haass an Diskriminéierung": ALIA verwarnt d'Simone Beissel an d'Astrid Lulling

Aussoen zum Heescheverbuet

"Opruff zu Haass an Diskriminéierung": ALIA verwarnt d'Simone Beissel an d'Astrid Lulling

D‘ALIA, déi Lëtzebuerger Medien-Opsiicht, huet der Simone Beissel an Astrid Lulling eng Ruge ausgeschwat, an zwar wéinst hiren ëmstriddenen Aussoen iwwert d‘Heescherten an der Stad.

auto_stories

1 min

Simone Beissel an Astride Lulling | © Youtube / ApartTV

An hirer Emissioun "Riicht eraus" hate sech béid Politikerinnen iwwert d'Heescheverbuet ënnerhalen, an do wiere si ze wäit gaangen, sou d‘ALIA.

D‘DP-Deputéiert a Stater Schäffe Beissel an déi fréier CSV-Deputéiert Lulling hätten do deelweis erniddregend, diskriminatoresch a mënschenonwierdeg Aussoe gemaach, sou d‘ALIA, déi sech an deem Dossier autosaiséiert hat an hir Conclusiounen online publizéiert huet, wéi d'Luxemburger Wort online als éischt gemellt hat. Domat solle si géint d‘Mediegesetz verstouss hunn. Ausserdeem wieren hir Aussoen en Opruff zu Haass an Diskriminéierung.

Konsequenze fir Apart TV, wou d‘Sendung iwwerdroe gouf, ginn et awer keng.