De Corona-Impfgéigner muss donieft zwou Partie-civillen, dem Psychiater Dr Cloos an der pensionéierter Gynekologin Dr. Schmit, all Kéiers 1.000 Euro Schuedenersatz bezuelen.
De Peter Freitag, dee fir d’lescht an der Beweegung "Mir d’Vollek" engagéiert war, hat de Prozess gemaach kritt, well hien déi zwee Dokteren als "Schüler vum NS-Dokter Mengele" an als "Coro-nazien" bezeechent hat. Béid Dokteren hate sech am Oktober 2021 fir Corona-Impfungen ausgeschwat.