Radioen

On air

9 bis 1  |  Tame Impala - Borderline

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Inflatiounstaux kéint an engem Joer 2 % erreechen

Laut Statec

Inflatiounstaux kéint an engem Joer 2 % erreechen

Den Inflatiounstaux zu Lëtzebuerg kéint an engem Joer rëm déi recommandéiert Limitte vun 2% erreechen. Am Oktober louch d‘Joresinflatioun bei 3,2% - den niddregsten Niveau zanter zwee Joer, esou de Statec. 

auto_stories

1 min

Haaptgrond fir déi Baisse wiere méi niddereg Pëtrolspräisser, déi sinn zanter Februar erofgaangen. An der éischter Hallschent vun 2024 kéinten déi awer rëm klammen.

Dem Statec no, dierft den Inflatiounstaux dëst Joer bei 3,8% an d‘nächst Joer bei 2,6% leien. Déi nächst Indextranche ass fir d‘3. Trimester d‘nächst Joer fälleg.