Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Informatiounscampagne fir den Heescheverbuet

Stad Lëtzebuerg

Informatiounscampagne fir den Heescheverbuet

Wann den Heescheverbuet e Freideg a Kraaft trëtt, wëll d’Stad Lëtzebuerg eng Informatiounskampagne fir déi Betraffen lancéieren. Dat huet eis d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer confirméiert. Si hat eng Reunioun mat der Police a mam Inneminister Léon Gloden.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Deemno géif réischt no där Sensibiliséierungscampagne sanktionéiert ginn. Déi Campagne soll bis ugangs d’nächst Joer daueren. Mat Flyere sollen déi concernéiert Persounen iwwer den Heescheverbuet a Kenntnis gesat ginn. Allgemeng wéilt een awer méi Presenz vun der Police weisen, zum Beispill och op de Chrëschtmäert.

Viséiert wier déi aggressiv Mendicitéit, mee grondsätzlech muss d’Police elo keen Ënnerscheed méi tëschent aggressiver oder organiséierter Mendicitéit, an einfacher Mendicitéit maachen, well mam neie Reglement jidderee ka sanktionéiert ginn.

“Grondsätzlech effektiv net, well dat hat eis jo och dozou gefouert, wéi mir am Fréijoer eist Reglement geännert hunn, well dann oft gesot ginn ass, majo fir d’mendicité organisée nozeweisen, dat si laang Prozeduren. Mee ech mengen d’Leit gesinn dat alleguer. Mir gesinn si an de Strooss a wéi si sech behuelen. An dat ass net unzehuelen, de Leit nozelafen an si unzepaken, och verbal, dat geet eben net.” 

Lauschterenplay_arrow