Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Fleurs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iechternach plangt weider un enger neier Schwämm

Nom Héichwaasser 2021

Iechternach plangt weider un enger neier Schwämm

Zu Iechternach gëtt et zënter ronn 3 Joer kee flächendeckende Schwammunterrecht méi. Dorop huet d’Luxemburger Wort gëschter um Donneschdeg higewisen. D'Buergermeeschtesch Carole Hartmann seet am 100,7-Interview, datt ee mat Héichdrock un enger Léisung géing schaffen.

auto_stories

3 min

headphones

8 min

play_arrow
Foto: Unsplash

Nom schlëmmen Héichwaasser 2021 gouf et eng éischt Iwwergangsléisung, wou mat engem Hotel zu Iechternach zesummen eng Iwwergangsléisung tëschent November a Mäerz fonnt gouf. Do konnten d'Kanner aus de Cyclen 3 a 4 an deene reegelméisseg schwamme goen. Deen Deal koum awer dunn op een Enn, deen de Präis vum Loyer verduebelt hat, esou déi Iechternacher Buergermeeschtesch.

Eng zweet Paralleloffer gouf geschaf

Mam neie Schäfferot gouf weider no Alternative gesicht.

“Mir hunn elo do eng Méiglechkeet fonnt op dem Potaschbierg am Centre médical eng Schwämm ze notzen, wou mir dann och konnte mat deene ganz Klengen, dat heescht och den Netschwëmmer, d'ganzt Joer eriwwer eemol de Mount mat all Klass aus dem Cycle kommen.”

Eemol de Mount ass natierlech net esou dacks. An deene meeschte Gemenge ginn d'Kanner eemol an der Woch schwammen, an dat vum éischte Schouljoer un. Riskéieren d’Schüler:innen zu Iechternach net méi richteg schwammen ze léieren? E bësse fäert een dat schonn, léisst d'Carole Hartmann duerchblécken.

Problem mat engem Site protégé

Aus deem Grond hätt ee parallel zu där klenger Offer, déi ee geschafen huet, an déi een och mam Schoulpersonal zesummen diskutéiert huet, als Gemeng nach eng weider Offer op d’Bee gestallt, erkläert d’Carole Hartmann. Dat haaptsächlech fir Netschwëmmer.

Et bleift awer bei enger Iwwergangsléisung. Un der definitiver Léisung géing ee plangen, esou d’DP-Politikerin. Nom Héichwaasser loung och en éischte Plang fir eng Schwämm an eng nei Sportshal op um Dësch.

“Do gouf et awer am Mäerz 2023 en Avis négatif vum Kulturministère, dee gemaach huet, dass elo déi ganz Iwwerleeunge par rapport zu dem Sportkomplex mat der Schwämm nei hu missen ulafen. Dat hu mir gemaach.”

Do Problem war, datt een Adjacent zu engem Site protégé ass, méi genau der Orangerie zu Iechternach. De Projet, wéi e geplangt war, war fir de Kulturministère ze héich, soudatt de Site protégé doduercher affektéiert gouf.

Och Nopeschgemenge leiden dorënner

Et schafft een un enger Léisung, betount d’Carole Hartmann. Och d’Nopeschgemenge Rouspert, Mompech, Konsdref a Bäerdref géinge vun enger neier Iechternacher Schwämm profitéieren.

Iechternach ass net déi eenzeg Gemeng, déi de Schüler net e reegelméissege Schwammunterrecht kann ubidden. Wier et do net méi einfach, de Schwammunterrecht national ze organiséieren, soudatt d'Schüler an all de Gemengen déi selwecht Konditiounen hätten? “Jo, dat ass eng Iddi, déi een duerchaus diskutéiere kann”, mengt d’Carole Hartmann.

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow