Radioen

On air

Notturno  |  Andrea Laszlo De Simone - Fiore Mio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei HUT ASBL: Zwou Persounen hunn neie Kontrakt refuséiert

Christian Billion virun der Press

Nei HUT ASBL: Zwou Persounen hunn neie Kontrakt refuséiert

Et wier seng Missioun gewiescht, fir d’Aarbechtsplaze vun 349 Caritas-Beschäftegten ze retten. Wann ee vun där Prämisse ausgeet, dann dierft de Christian Billon zefridde sinn. Op de Stéchdag vun en Dënschdegt hunn nämlech 324 vun deene Leit e Kontrakt mam Successeur “Hëllef um Terrain”, kuerz HUT, ënnerschriwwen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

HUT | © Eric Ewald play_arrow
Foto: Eric Ewald

Am fréien Owend huet de Verwaltungsrotspresident vun “Hëllef um Terrain” seng Vue op déi lescht Wochen duergeluecht. Dobäi huet hien net mat Kritik gespuert, virun allem um Äerzbistum an um Ausseministère. 

D’Satisfactioun hat awer virop hir Plaz. An zwar, well ebe just 25 Caritas-Beschäftegt bis elo kee Krop ënner en HUT-Kontrakt gemaach hätten. Zwou Persounen hätten dat refuséiert, déi aner wieren a verschiddene Congéen.

Ofsoe vum Ausseministère a vum Äerzbistum

Doropshi koum de Christian Billon zum Volet Kritik. Där gouf et an éischter Linn um Ausseministère, dee séier eng negativ Äntwert ginn hätt, wat d’international Aktivitéiten ugeet. Woubäi de Xavier Bettel eis géintiwwer den 20. September sot, de Christian Billon hätt scho méi laang ze verstoe ginn, datt een déi international Aktivitéiten net wéilt viruféieren. Och beim Äerzbistum, sou de Christian Billon, wier een net op oppen Ouere gestouss. Doriwwer wier hien traureg, huet de President vum Verwaltungsrot vun “Hëllef um Terrain” bemierkt. Dofir wier een un d’Dier vu Caritas Internationalis klappe gaangen. Do hätt ee wuel Hëllef kritt, mee net genuch. Dofir hätten d‘Aktivitéiten am Laos an am Südsudan misste gestoppt ginn.

Schlecht Stëmmung beim Personal

Wat déi fréier Beschäftegt vun der Caritas hei am Land betrëfft, sou hätten déi vill Vertraue gewisen. Et hätt ee Chance, Leit ze hunn, déi weider matmaachen. Dobäi waren déi, no der Annonce vun der Verontreiung vun 61 Milliounen Euro “komplett futti”.

Den 1. Oktober wier iwwregens de Stéchdag fir en Neiufank gewiescht, well ee just d’Garantie hat, bis September mat d’Paie kënnen ze bezuelen. Et wéilt ee weider géint d’Precaritéit schaffen, huet de Christian Billon betount. Deen nach e Merci un d’Regierung lass gouf, well mat HUT eng onofhängeg Struktur geschafe gi wier, déi hiren Employée Stabilitéit géif ginn. Positiv wier och, datt ee schonn eng Konventioun mat der Stater Gemeng ënnerschriwwen hätt. Hie wier sech sécher, sot de Verwaltungsrotspresident um Enn, datt “Hëllef um Terrain” vill Succès wäert hunn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
National