D'Sam Tanson begréisst awer, datt d’Chamber elo virun der Finanzkommissioun, den 8. September, an där och d’Spuerkeess soll hikommen, en Abléck an d’Decisioun vun der CSSF soll kréien.
Lacunne musse gestoppt ginn
Et wier iwwerdeems ze begréissen, datt no der rezenter Decisioun nach nei Mesurë geholl gi wiere fir bei der Spuerkeess ze kucken, wou nach Lacunne géife bestoen, esou d’Sam Tanson.
"Well net nëmmen ONGen, ASBLen, och Privatpersounen, Entreprisë sinn alldeeglech engem Risiko ausgesat. An dat ass net nëmmen hei zu Lëtzebuerg esou, dat ass iwwerall esou. A wann eng systeemesch Bank, déi en plus nach awer eng ganz grouss Proximitéit zum Lëtzebuerger Staat huet, do Lacunnen huet, da mussen déi natierlech gestoppt ginn. An dat ass positiv."
Si wier elo gespaant op den Echange mat der Spuerkeess, fir do méi Detailer gewuer ze ginn.
"An natierlech erwaarden ech mir och, dass de Finanzminister dann och zäitno an d'Kommissioun kënnt, dass mir mat him kënnen och iwwer d'Konsequenze vun deem Ganzen diskutéieren. Well dat si jo dann déi Froen, déi hannendru kommen."
D'Spuerkeess wollt e Recours gracieux
Hannergrond sinn dräi parlamentaresch Froe vun der LSAP, déi Lénk an déi gréng un de Finanz- an un de Staatsministère. Aus den Äntwerte goung ervir, datt d’Spuerkeess e sougenannte Recours gracieux agereecht hat fir ze verhënneren, datt d’Strof an Héicht vu bal 5 Milliounen Euro vun der Finanzopsiicht CSSF public gemaach gëtt.
Wéinst dem Recours vun der Bank hätt och de Finanzminister bis Enn Juli net ëffentlech iwwer der CSSF hir administrativ Strof géint d‘Spuerkeess kënne schwätzen, obwuel hie schonn den 2. Mee vun der Bank iwwer eng méiglech Strof informéiert gouf, schreift de Gilles Roth a senger Äntwert.
De Premier Luc Frieden äntwert sengersäits, hien hätt - wéi hien de 19. Mee an der Chamber Spezialkommissioun Caritas ausgesot huet - net Bescheed gewosst iwwer der CSSF hir Strof géint d‘Spuerkeess.