arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Froeronn un d'Finanzkommissioun: Deputéiert bleiwe skeptesch

Caritas-Affär

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

No Froeronn un d'Finanzkommissioun: Deputéiert bleiwe skeptesch

An der Suite vun der Caritas-Affär goufen et gëschter um Méindeg ganz kritesch Froen a Remarke vun den Deputéierten an der Finanzkommissioun un de Premier Luc Frieden, de Finanzminister Gilles Roth an d'Direktioun vun der Spuerkeess.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

Wéi eng Konsequenzen huet d'5 Milliounen Euro Geldstrof, déi de Finanzregulateur CSSF am Juli géint d'Spuerkeess ausgeschwat huet a firwat hunn déi zoustänneg Ministeren d'Chamber net informéiert? Dat ware gëschter zentral Froen.

Feeler am System huet Fraude erméiglecht

No véier Stonne laange Froen an Äntwerte waren et ganz skeptesch Deputéiert, déi virun d'Press getruede sinn. Virop stoung d'Fro, a wéiwäit d'Direktioun vun der Spuerkeess nach d'Vertrauen huet.

A weider dann op d'Verfeelunge vun der Spuerkeess, déi d'CSSF uprangert, an um Enn och dozou geféiert hunn, datt d'Caritas geschiedegt gouf.

Fir d'LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding hätt sech dat elo gekläert.

"D'CSSF seet awer ganz kloer an hirem Schreiwes, eebe grad duerch déi Problemer, duerch dee System, deen défaillant ass, ass et grad méiglech gewiescht, datt et zu esou enger grousser Fraude konnt kommen."

Wéi eng Konsequenze sinn elo ze zéien? Fir d'Sam Tanson vun déi gréng misst elo virun allem nees Vertrauen hiergestallt ginn.

"Dat wichtegst fir eis ass elo mol, datt wierklech alles gemaach gëtt, fir dës Problemer aus der Welt ze schafen, datt d'Depote vun de Clientë sécher sinn, datt d'Viremente sécher sinn, an datt d'Vertrauen an déi Bank nees hiergestallt gëtt."

Fir d'Sam Tanson stellt sech d'Fro, ob d'Spuerkeess-Direktioun nach d'Vertraue vun de politesche Responsabelen huet.

Suivi haut um Dënschdeg

An der Kommissioun war dann och gewuer ze ginn, datt de Finanzminister Gilles Roth schonn am Februar iwwer eng eventuell Strof géint d'Spuerkeess informéiert war. Gouf de Premier wierklech bis Juli net vu sengem Finanzminister iwwer dee Schrëtt informéiert, wéi hie selwer behaapt? Fir de Marc Baum vun déi Lénk hätt deen dat wuel och arrangéiert.

"Ech mengen, datt een haut de ganze Caritas-Rapport ënner engem ganz anere Liicht géing kucken, datt een och déi Recommandatiounen, déi ausgesprach gi sinn am Juni-Juli géif anescht formuléieren, an och d'Regierungsaktioun anescht bewäerten, hätt een dat doten alles deemools gewosst."

D'Deputéiert haten nach weider Froen. Äntwerten dorops hoffe si haut um Dënschdeg ze kréien, wann de Verwaltungsrot vun der Spuerkeess an d'Kommissioun invitéiert ass.

play_arrow Lauschteren