Radioen

On air

Notturno  |  Andrea Laszlo De Simone - Fiore Mio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De virleefege Bilan vun der Wäilies fält positiv aus

Op der Mousel

De virleefege Bilan vun der Wäilies fält positiv aus

Et gesäit no engem ganz erfollegräiche Joer fir d’Wënzer aus. Dee Bilan zitt de Christopher Simon vum Institut viti-vinicole op eis Nofro hin. Zënter Mëtt September ass d’Wäilies amgaangen a bis elo sinn ongeféier 60 Prozent vun den Drauwen op der Musel gelies. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Iwwert d’Qualitéit vun den Drauwe wiere si ganz zefridden: D’Drauwe géifen och elo, Enn vun der Saison, nach ëmmer richteg schéin ausgesinn, erkläert de Christopher Simon vum Institut viti-vinicole.

"A wat d’Quantitéit ugeet variéiert et bëssen. Do, wou de Frascht am Fréijoer wierklech krass zougeschloen huet, do ass wierklech och mat manner Ertrag ze rechne gewiescht. An deen ass och manner gewiescht dëst Joer."

Riesling- an Elbling als lescht un der Rei

Am Duerchschnëtt wiere 15 bis 20 Prozent manner Drauwen op der ganzer Musel gepléckt ginn, mee dat wier awer nach an engem gesonde Kader, esou de Christopher Simon. An eigentlech wier de Frascht awer och gutt fir d’Drauwen.

"Dat ass nämlech vu groussem Virdeel wann et ëm d’Saierwäerter vun de Wäiner geet. An de Reen natierlech, dat ass bëssen den Nodeel, well dat ass ëmmer e Paradäis fir d’Krankheeten, fir d’Pilzkrankheeten."

Virun allem an de Riesling- an Elbling-Wéngerten hänken am Moment nach d’Drauwen. Dat sinn déi lescht, déi um Enn vun der Saison gelies ginn, erkläert de Christopher Simon.

"Verwinnt" wat d'Saisonsaarbechter ugeet

Grad esou positiv fält och de Bilan fir d’Saisonsaarbechter aus. Et wier een dëst Joer "verwinnt gewiescht", esou de Christopher Simon.

"All Wënzer, dee Leit gesicht huet, deen huet der och fonnt, an do ware mir tipptopp opgestallt. Virun der Lies an och matten an der Lies."

Ee ganz erfollegräicht Joer bis elo, esou de Christopher Simon. An den éischte Fiederwäisse géif et op der Musel och schonn ze drénke ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Landwirtschaft
National