Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - The Turning Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fäll vu Blozongekrankheet huelen of

Veterinärsverwaltung ALVA

Fäll vu Blozongekrankheet huelen of

D‘lescht Woch sinn e bësse manner wéi 100 Déiere positiv getest ginn. Dat deelt d‘Veterinärsverwaltung ALVA mat.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Lars Penning

Am Verglach: Enn August an Ufank dës Mounts waren et nach iwwer 150 nei Fäll pro Woch. Zanter enger Woch sinn och manner Déieren, wéi nach am August, un der Kränkt gestuerwen. Am Ganze sinn elo iwwer 380 Betriber betraff a ronn 880 Déiere positiv op d‘Blozongekrankheet getest ginn, dorënner an déi 700 Ranner, 140 Schof, 8 Geessen an een Alpaka. Bis elo sinn iwwer 91.000 Impfdosisse verdeelt ginn.