Radioen

On air

Notturno  |  Primal Scream - Love Insurrection (Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ HUT: 324 vun 349 fréiere Caritas-Employéen hunn nei Kontrakter bei HUT ënnerschriwwen

Nom Finanzbedruch bei Caritas

HUT: 324 vun 349 fréiere Caritas-Employéen hunn nei Kontrakter bei HUT ënnerschriwwen

Déi nei ASBL Hëllef um Terrain - kuerz HUT - huet déi national Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl an ass zanter en Dënschdeg operationell.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

HUT | © Eric Ewald play_arrow
Foto: Eric Ewald

Vun den 349 fréiere Caritas-Employéen hunn 324 Leit nei Kontrakter mat HUT ënnerschriwwen. Zwou Persounen hu refuséiert ze ënnerschreiwen, déi aner 23 sinn a Congéen oder krank geschriwwen, sot de Christian Billion, President vum Verwaltungsrot vun HUT, den Dënschdeg op enger Pressekonferenz.

Den OGBL an d'SAP hunn d'Konditioune vun der Iwwernam kritiséiert. Den OGBL geet dowéinst viru Geriicht, dat hat den Zentralsekretär fir Soziales Smail Suljic en Dënschdeg op eiser Antenn annoncéiert. 

De Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg huet gëschter déi nei Konventioune mat der HUT ASBL ënnerschriwwen. D'Stater Sozialisten hunn dozou eng dréngend Fro un d'Buergermeeschtesch gestallt, well d'Signature vun där neier Konventioun mat HUT net an der Gemengerotssëtzung virgëschter diskutéiert gi wier.

Behaaptunge vum OGBL "absurd"

Et hätt een net géint Aarbechtsrecht verstouss a selwer net gewosst, wat géif geschéien. Dat betount de Christian Billon virun der Press. Aarbechtskontrakter wieren net mat heem ze huelen, d'Caritas-Mataarbechter:inne wieren net ënner Drock gesat ginn, déi ze ënnerschreiwen an hätten Zäit kritt.

De President vum Verwaltungsrot vun HUT hätt laang net all Kaarten an der Hand gehat. Soubal dat de Fall gewiescht wier, hätt een d'Caritaspersonal informéiert.

De Virworf vun engem Manktem u Kommunikatioun wollt de Christian Billon net gëlle loossen. D'Behaaptunge vum OGBL, datt et kee Sozialdialog ginn hätt, wieren "absurd".

Um Enn vun der Pressekonferenz si vill Froen opbliwwen, déi de Christian Billon eigentlech hätt beäntwere kënnen.

Gespréich mam Eric Ewald lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
National