Déi nei Presidentin Christiane Schaus ass zënter 28 Joer Member vum Verwaltungsrot. Si war déi lescht 5 Joer Vizepresidentin. Hire Choix wier e klore Message vu Kontinuitéit bei der Aarbecht vu Caritas Jeunes et Familles, fir Kanner a Jonke bei hirer Entwécklung a Familljen ze hëllefen.
Caritas Jeunes et Familles huet haut iwwer 700 Collaborateuren a bal 50 Strukturen a Aktivitéiten.