Radioen

On air

Notturno  |  Khruangbin - May Ninth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sven Clement: Ech ginn den Numm Piraten net einfach op

Sträit an der Piratepartei

Sven Clement: Ech ginn den Numm Piraten net einfach op

De Sven Clement huet d’Hoffnung nach net ganz opginn, nees en Terrain d’entente mam Marc Goergen ze fannen, deen et erlaabt weider zesummen ze schaffen. Dat sot den Zentrumsdeputéierten a Matgrënner vun de Piraten am 100,7-Interview. Et misst een net bescht Kolleege sinn, fir matenee Politik ze maachen.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow

Hien hätt e puer mol eng extern Mediatioun proposéiert, fir déi intern Konflikter opzeschaffen. Do missten allerdéngs béid Säite matzéien, an dofir hätt bis elo op där anerer Säit de Wëlle gefeelt. Egal wéi géif hien net fräiwëlleg goen. Hie wéilt "den Numm Piraten net opginn."

"Ech mengen awer och, datt de Marc Goergen, wann ech de Wort-Artikel vun de Moie liesen, ufänkt eng gewëssen Asiicht ze hunn, datt net alles ganz esou einfach ass, wéi een dat mol einfach per Pressecommuniqué ka kommunizéieren."

Zum Beispill géifen d’Statute vun de Pirate virgesinn, datt déi gewielt Membere vun der Partei an der Chamber eng Sensibilitéit bilde mussen. Sou einfach wier et also net, dat Ganzt opzeléisen, ënnersträicht de Sven Clement.

Sven Clement: Dovun ausgaang, datt Deputéiert sensibel mat Suen ëmginn

D’Diskussioun iwwer eng Kontroll vun de Fraktiouns- a Sensibilitéits-Finanzen ass net nei, si gouf awer elo duerch déi rezent Indiskretiounen a Scholdzouweisunge bei de Pirate relancéiert. De Sven Clement gëtt zou, datt d’Pirate sech bis elo keng kloer Reegele ginn hu fir mat de Sue vum Parlament ëmzegoen. Hie war der Meenung, datt zwee Deputéiert wéissten, wéi ee sensibel mat Suen ëmgeet.

Hien hätt och vu sech selwer „diskutabel Transaktioune“ fonnt. Eng Kéier dräi Transaktiounen, wou hien déi falsch Kart benotzt hätt. Dat alles an allem an héischt vun 130 Euro. An eng Kéier eng vu 451 Euro. Béid Zommen hätt hie rembourséiert, esou den Deputéierte vun de Piraten.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft