Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hurrikan Milton fuerdert 4 Doudesaffer

Virleefege Bilan

Hurrikan Milton fuerdert 4 Doudesaffer

Den Hurrikan Milton huet am Oste vum US-Staat Florida 4 Doudesaffer gefuerdert, sou en éischte Bilan elo de Mëtteg. Dee Bilan ass awer nëmme provisoresch. Den Hurrikan huet och grouss Zerstéierung an Iwwerschwemmungen hannerloos.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow
Den Hurrikan huet vill Schued hannerlooss. (Foto: X)

Den Hurrikan warn an der Nuecht op en Donneschdeg, nodeems e schonn u Stäerk verluer hat, bei Tampa op Land gestouss, dat mat Wandvitese vu bis zu 190 Kilometer an der Stonn. Mëttlerweil ass de Stuerm scho rëm weidergezunn op d‘oppent Mier.

Den Hurrikan Milton huet an Zentralflorida grouss Zerstéierung an Iwwerschwemmungen hannerlooss. Et soll och Doudeger gi sinn. Den Hurrikan war hënt bei Tampa op Land gestouss mat Wandvitessë vu bis zu 190 Kilometer an der Stonn.

D'Situatioun en Donneschdeg de Moien

Mëttlerweil ass de Stuerm schonn nees iwwert dem oppene Mier. Fir en éischte Bilan ass et momentan awer nach ze fréi, well d‘Rettungsekippen nach keen Iwwerbléck hunn.

2,6 Millioune Leit sinn ouni Stroum. Éischte Berichter no soll et och schonn Doudeger ginn. Esou zum Beispill an engem Altersheem am St. Lucie County.

An der Stad St. Petersburg gouf den Daach vum Baseballstadion ewechgeblosen. Grad hei haten d‘Rettungsequippe sech gesammelt. D‘Drénkwaasserversuergung an der Stad ass zum Deel zesummegebrach.   

Eisen USA-Korrespondent Philipp Crowther hat sech de Moie live aus Florida gemellt

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International