search

/ Hollännesch Lénksliberal, Konservativ a Rietsliberal bilde Minoritéitsregierung

Holland

|
headphones

1 min

Hollännesch Lénksliberal, Konservativ a Rietsliberal bilde Minoritéitsregierung

Ronn dräi Méint no de Parlamentswalen an Holland goufen dräi Parteie sech eens fir eng Minoritéitsregierung ze forméieren.

headphones

1 min

Rob Jetten (D66), Dilan Yesilgoz (VDD), Henri Bontenbal Holland (CDA) | © EPA/JEROEN JUMELET
Rob Jetten (D66), Dilan Yesilgoz (VDD), Henri Bontenbal Holland (CDA) (Foto: EPA/JEROEN JUMELET)

Déi nei Koalitioun soll vum Rob Jetten ugefeiert ginn, dem Chef vun der pro-europäescher a sozial-liberaler Partei D66. Deen 38-Joer ale Politiker géif domat zum jéngste Premier jeemools an Holland ginn.

Déi aner zwee Koalitiounspartner sinn déi konservativ Chrëschtdemokraten CDA an déi rietsliberal VVD. 

Si kommen zesummen op 66 Sëtz, wat net duergeet fir eng Majoritéit. Déi nei Dräierkoalitioun ass domat am Parlament op Stëmme vun der Oppositioun ugewisen.

Den neie Koalitiounsaccord soll iwwermuer um Donneschdeg virgestallt ginn. Duerno soll déi nei Regierung bannent engem Mount vereedegt ginn.