Als Jongbauer gëllt ee bis 40 Joer. De Charel Ferring schätzt, datt et bei eis eng 400 esou Bauere gëtt. An de leschte Joerzéngten huet d’Unzuel u Betriber an domat och d’Zuel u Jongbaueren ofgeholl. Schold sinn eng ganz Partie Changementer och an der Gesellschaft. “Mir wëllen de Statut vun de Jonken awer héich halen” seet de Charel Ferring. Dat neit Agrargesetz géif do och vill maachen.
D’Aarbecht vum Bauer ass keng einfach – “An de leschte Joren si verschidden Aspekter net gutt gelaf” seet de Charel Ferring. Dat am Ëmwelt -, am Energieberäich an och an der Agrikultur selwer, wuel géif et ëmmer em d'Detailer goen, mee eeben och ëm d’Zukunft.
Optimismus
“Mir sinn awer optimistesch” seet de Charel Ferring. D’Landwirtschaft wier bei de Koalitiounsgespréicher Wäert geschat ginn, am Koalitiounsprogramm wieren eng Partie Punkten, déi hinne géife gefalen. Et misst een d’Entwécklung natierlech elo am A behalen. An der läscht wier awer och den Dialog mam fréiere Landwirtschaftsminister gutt gewiescht an och an déi nei Ministesch setzt een elo Hoffnungen.