Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Paprika

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Historesch Erausfuerderunge fir déi nei Chamber

Fräie Mikro

Historesch Erausfuerderunge fir déi nei Chamber

En Dënschdeg koum déi nei gewielte Chamber fir d’éischt zesummen. Den Denis Scuto kommentéiert e puer Erausfuerderungen aus der Siicht vum Historiker, och bekannt als Wëssenschaftler vun der Zäit.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Denis Scuto | © Jo Diseviscourt play_arrow
Denis Scuto (Foto: Jo Diseviscourt)

Déi rezent Chamberwale sinn eng gutt Illustratioun fir den Afloss vun der Vergaangenheet op eis Géigewaart. Eise Walsystem baséiert nach ëmmer op de Choixe vun de Constituants vun 1919, déi d’allgemengt Walrecht fir Männer a Fraen agefouert hunn.

Den ale Walsystem sou wäit wéi méiglech bestoe gelooss

Well d’Notabele vun 1919 de Suffrage universel net konnte verhënneren, hu se am Géigenzuch den ale Walsystem sou wäit ewéi méiglech bestoe looss, mat der Aféierung vu véier Walbezierker, vum Personaliséieren op de Lëschten an dem Panaschéieren tëscht de Lëschten.

Mir stëmme weiderhi fir Persounen éischter wéi fir Parteien. Mir wiele weiderhin ‘Notabilitéiten’, déi haut Bettel, Asselborn oder Frieden heeschen. Mir hunn ëmmer nach schwaach Parteien. Deputéiert goufen a gi weider gewielt. Net wéinst hirem Wëssen an hirer Kompetenz, mee well si fréier den Tour vun de Bistroen an den Dëppefester gemaach hunn an haut nieft deenen Tier sozial Medien optimal notzen. Dofir hu jonk a weiblech Politiker et schwéier vis-à-vis vu bekannte Käpp, Sportler oder Journalisten.

Weder representativ nach gerecht

An engem anere Beräich si mir mëttlerweil virun 1919 zeréckgefall. Am Beräich vun der demokratescher Representativitéit. 1919 ware 47 Prozent vun der Bevëlkerung walberechtegt. Deen Taux ass eropgaange bis op 59 Prozent am Joer 1979. Fir d’Chamberwale vun dësem Joer ware just ëm 40 Prozent vun der Bevëlkerung walberechtegt.

D’Hallschent vun dëser Minoritéit vu Wieler ass net oder net méi aktiv um Aarbechtsmaart. Als Kategorië stelle Pensionnairen a Staatsbeamten zesummen d’Majoritéit vun der Wielerschaft duer. Dat ass weder representativ, nach gerecht.

Dësen demokrateschen Defizit däerf een awer net karikaturéieren. En hänkt, wéi mir wëssen, mam enormen demografesche Wuesstem hei am Land zesummen. Haut liewen zu Lëtzebuerg bal duebel souvill Mënsche wéi 1979. Och wa populistesch Parteien et ofstreiden, gëtt Lëtzebuerg an e puer Joerzéngten zum 1-Millioun-Awunnerstaat, mat all sengen Erausfuerderungen, déi elo schonns ugaange musse ginn. 

Reform vum Walsystem néideg

De Referendum vun 2015 an de klore Refus vun engem Walrecht fir auslännesch Residente bei de Chamberwalen haten als positiivt Resultat eng Ouverture vum Accès zur Lëtzebuerger Nationalitéit, vun deem zanter 2009 méi wéi 70.000 Auslänner zu Lëtzebuerg profitéiert hunn.

D’Hallschent vun de Lëtzebuerger vun haut huet op d’mannst een Elterendeel, deen am Ausland gebuer ass. Dës Zuelen ënnersträichen d’Integratiounsfäegkeet vun der Lëtzebuerger Gesellschaft.

Déi néideg Reform vun eisem Walsystem, geneesou wéi d’Bedeitung vum kontinuéierlechen demografesche Wuesstem fir eis Legislatiounen zum Walrecht an zur Nationalitéit, missten aus ville Grënn uewen op der Agenda vun der neier Chamber stoen. Kucke mir mol.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.