Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Beirut - Santa Fe

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Henri Kox: Verstäerkt op ëffentlech Promoteure setze wier méiglech

Äntfert op eng parlamentaresch Fro

Henri Kox: Verstäerkt op ëffentlech Promoteure setze wier méiglech

Well et mannerAktivitéiten am privaten Immobilie-Secteur ginn, kéint een effektiv iwwert engAcceleratioun vun der Realiséierung vu Logementer duerch déi ëffentlechPromoteuren nodenken, esou den Nach-Minister Henri Kox an der Äntwert op engparlamentaresch Fro vun déi Lénk.

auto_stories

1 min

Hie sträicht ervir, datt an de leschte fënnef Joer den Ëmsaz beim Bau vu Wunnraum bei der SNHBM ëm 88 Prozent geklommen ass, an ëm 60 Prozent bannent dëse fënnef Joer beim Fonds du Logement.

Den Henri Kox beäntwert awer net d’Froe vun der Deputéierter Nathalie Oberweis, ob et schonn Diskussioune mat dëse béide Promoteure gi wieren, fir d’Méiglechkeet vun engem Virzéie vu Projeten ze evaluéieren. Hie beäntwert och net d’Fro, wéi eng Bau-Projete Prioritéit kéinte kréien, oder acceleréiert kéinte ginn.