Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hëllefe goufe bis elo just aus véier Länner ugeholl

Äerdbiewen a Marokko

Hëllefe goufe bis elo just aus véier Länner ugeholl

Nom Äerdbiewen a Marokko huet déi marokkanesch Regierung bis elo Hëllef aus nëmme véier Länner akzeptéiert, Groussbritannien, Spuenien, Katar an déi Arabesch Emirater. Vill aner Länner haten Hëllef ugebueden, déi Marokko awer net akzeptéiert huet.

auto_stories

1 min

Déi franséisch Regierung sot, si géif elo ONG'en op der Plaz mat 5 Milliounen Euro ënnerstëtzen. Däitsch Hëllefsorganisatiounen, wéi „Technisches Hilfswerk“, ware schonn op der Plaz, a Marokko mee hunn hir Ekippen nees heem geschéckt.

D‘Sich no Iwwerliewende geet virun. Dat ass ganz schwiereg an deene méi ofgeleeëne Bierg-Regiounen. D‘Rettungsequippe kommen do schwéier oder guer net op d‘Plaz. An e puer betraffenen Dierfer hunn Awunner mat den Hänn Stécker vu Gebaier ewech geholl fir Leit ze retten.

Iwwer 2.100 Doudeger a 24.000 Blesséierter ass den ëmmer nach provisoresche Bilan vum Äerdbiewe vum leschte Freideg a Marokko.