Radioen

On air

Kultur um 5  |  “Superhero Pose” virun all Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Heescheverbuet: Mënscherechtsaffekot net mam Inneminister averstanen

Gesellschaft

Heescheverbuet: Mënscherechtsaffekot net mam Inneminister averstanen

Den Heescheverbuet an der Haaptstad soll vun iwwermuer u kënnen applizéiert ginn. Déi fréier LSAP-Inneministerin Taina Bofferding hat dat entspriechend Reglement vun der Gemeng Lëtzebuerg zwar annuléiert, mee hire Successeur Léon Gloden (CSV) huet déi Decisioun réckgängeg gemaach. Deemno kann deen ëmstriddenen Heescheverbuet dann elo awer a Kraaft trieden.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

D’Taina Bofferding hat dee Refus op Grond vun enger Jurisprudenz vum europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff decidéiert. An deem Urteel goung et ëm ee generelle Verbuet vun der Mendicitéit an der Schwäiz, hei an der Stad Lëtzebuerg wier et een Heescheverbuet dee just op Deeler vun der Stad limitéiert wier. An et kéint een och Sozialhëllef kréien, esou d’Argument vum Inneminister Léon Gloden, deen de Mëttwoch de Moien eisen Invité vum Dag war. Den Inneminister huet de Moien a punkto Heescheverbuet gesot de Code pénal géif dee virgesinn.

„D'Mendicitéit ass haut am Code pénal verbueden, souwuel d'Mendicité simple ewéi och d'Mendicité agressive. Dat schléisst awer net aus, datt eng Gemeng nach eng Kéier kann déi selwecht, Dispositiounen an engem Règlement de police huelen. Do gëtt et Jurisprudenz vum Tribunal administratif. Ech weess net, ob Plaintë vu Leit, komm sinn, dat kann ech Iech net soen. Op jiddefalls opgrond vun deem hei Reglement muss lo d'Police intervenéieren.“

Gemengereglement geet iwwer Strofrecht eraus

Den Affekot a Mënscherechts-Spezialist Fränk Wies revidéiert dat, d’Mendicitéit ass am Code penal ënnert verschidde Konditiounen zwar verbueden, mee net generell.

Am Code penal ass den Heescheverbuet limitéiert op ganz spezifesche Situatiounen, an net generaliséiert. De Fait datt et elo iwwert ee Gemengereglement soll verbuede ginn, ob et sech ëm eng einfach Mendicitéit handelt oder net, geet méi wäit ewéi dat wat am Strofrecht dra steet an deemno misst dat iwwert e Gesetz gereegelt ginn, erkläert den Affekot Fränk Wies.

„Ech sinn der Meenung, datt et misst iwwert e Gesetz gemaach gi virun allem, well mer eben e  Code penal hunn deen och d'Mendicitéit encadréiert an dee verschidde Forme vun der Mendicitéit verbitt, an awer erëm net toute autre forme de mendicité. Laut dem nationale Gesetz, ass et net verbueden sech an en Eck ze setze fir eben ze froen ‚hei kënnt der mer net e puer Sue ginn, ech hu soss kee Liewensënnerhalt‘ an dat gëtt eben elo hei vun enger Gemeng gemaach, eppes wat d‘Nationalgesetz eben net verbitt.“

Am Endeffekt missst wuel ee Geriicht tranchéieren

D‘Gemengereglement iwwert d’Heescheverbuet géif hei esou ausgeluecht ginn, datt een do wou et Sënn mécht ze heeschen, och heeschen dierft.

„Dat ass eigentlech e bësse gespillt mat deem, wat d'Cour européenne des droits de l’homme och gesot huet. Déi politesch Responsabel soe jo: 'jo, mee dann erlabe mer et an Industriezone mee mir verbidden et am Rescht vum Territoire, dann hu mer et net allgemeng gemaach, da geet dat schonn duerch.' D'Äntwert kann am Endeffekt just ee, Geriicht ginn.“

Een anert Argument vum Inneminister ass, datt et sech ëm organiséiert Kriminalitéit handelt déi ee misst bekämpfen. De Fränk Wies ënnersträicht, datt dat bis elo net bewise gouf, a wann dat esou wier dierft een d’Affer net bestrofen.

„Déi politesch Verantwortlech, déi dat doten decidéiert hunn, elo och ëmmer soen, si wieren am Aklang mat dem Arrêt vun der Cour européenne des droits de l’homme, dem Arrêt Lacatus vun 2020-2021. Do steet awer kloer dran, datt d'Penalisatioun vun de Victimë vun deem Mënschenhandel net déi richteg Léisung ass, fir géint dee Phenomeen virzegoen.“

Schlussendlech géif d’Heescheverbuet ee Verstouss duerstelle géint d’Recht op Selbstbestëmmung vun de Persounen, eppes wat am Artikel 8 vun der Mënscherechtskonventioun dra steet, esou nach de Fränk Wies.

Lauschterenplay_arrow