Gouf d’Heescheverbuet mam Gesetz vun August 2008 aus dem Code penal gestrach oder net, ass eng vun den zentrale Froen. 2008 gouf den Artikel 563 vum Code penal an der Chamber geännert, d’Gesetz vun 2008 seet, datt den Punkt 6 vum zweeten Alinéa gestrach oder abrogéiert gëtt.
Jurist seet Heescheverbuet ass net ofgeschaaf
De Jurist Hicham Rassafi Guibal deen der Meenung ass, datt dat einfacht Heeschen nach ëmmer verbueden ass, argumentéiert, datt et an deem Artikel eigentlech keen zweeten Alinéa gouf, an datt een also net ee Punkt aus engem Alinéa ka sträiche goen, deen am Code penal net dra stoung. Am Memorial gëtt och präziséiert, datt et abrogéiert ass.
Sou oder sou seet den Affekot Hicham Rassafi Guibal wier d'Heescheverbuet net ofgeschaaf.
Verfassungsexpert: Verbuet muss proportionéiert sinn
De Verfassungsexpert Luc Heuschling gesäit déi Fro anescht. Engersäits hunn d’Justizautoritéiten, d'Heescheverbuet als ofgeschaft konsidéréiert, anerersäits gëtt et zanter leschtem Joer déi nei Verfassung déi d’Grondrechter verstäerkt. A ville Länner gouf sech op Grondrechter baséiert fir déi einfach Mendicitéit stroffräi ze halen, a well d’Verfassung dat iewescht Gesetz ass, dierft de Code penal déi Rechter net total verbidden.
Ee Verbuet vum Heesche misst och proportionéiert sinn, erkläert de Luc Heuschling. An den USA gëtt et ee Guide mat iwwert 33 Säiten dee kloer beschreift a wéi enge Fäll een aus Sécherheetsgrënn zum Beispill d’Heesche ka verbidden.