Et war een impressionanten Hannergrond, deen de Keir Starmer gëschter um Méindeg gewielt huet, fir op dem Donald Trump seng Stroftaxen ze reagéieren. Hie war an enger Fabrik vu Jaguar Land Rover, ee vun de gréisste britteschen Autoshiersteller. Dës Firma schéckt normalerweis ronn ee Véierel vu senge Luxusautoen an d'USA, mee nodeems Tariffer vu 25 Prozent a Kraaft getruede sinn, huet si de Weekend hiren Export an Amerika gestoppt.
Keir Starmer: "Eng komplett nei Welt"
"Dëst ass eng verännert a komplett nei Welt. Eng Ära, wou alles, wat mir bis elo ugeholl a fir selbstverständlech gehalen hunn, elo einfach net méi gëllt," esou de Keir Starmer, wärend hanner him fonkelnei Luxusautoen iwwer d'Fléissband gelaf sinn.
Hiersteller a Groussbritannie sollen elo méi Flexibilitéit bei de Verkafsziler kréien, déi si fir hir elektresch Autoen erreeche mussen, éier de Verbuet fir Verbrenner 2030 antrëtt. Hybridautoen dierfen nach bis 2035 verkaaft ginn.
Fir d'Transitioun op elektresch Autoe méi liicht ze maachen, investéiert d'Regierung a Luetstatiounen a feiert Steiererliichterunge fir Keefer an.
Eng riskant Strategie
Den Donald Trump huet de Keir Starmer a senger Ried net ernimmt, an dat passt och an déi brittesch Strategie. De Premier wëllt Rou, Pragmatismus a Stäerkt weisen, ouni awer de Mann am Wäissen Haus ze iergeren. Wéi laang dës Strategie doheem nach opgeet, bleift awer ofzewaarden.
Wärend dem Keir Starmer senger Ried huet d’Wall Street zu New York nämlech erëm mat enger Chute opgemaach. Ee Journalist huet gefrot, ob den Donald Trump nach ëmmer op eng Staatsvisitt mam Kinnek invitéiert wier. Et wier net am Interêt vu Groussbritannien, d'Relatioun mat den USA elo einfach ze zerstéieren, esou de Keir Starmer. Op d'Fro iwwer d'Staatsvisitt huet hien net direkt geäntwert.