Radioen

On air

Notturno  |  Altin Gün - Güzelligin On Para Etmez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass eng Psychos?

Psychologie

Wat ass eng Psychos?

Ronn ee Prozent vun der Weltpopulatioun ass vun enger Psychos betraff, seet de Paul Rauchs. Déi Patienten hunn ee gestéiert Verhältnis zur Realitéit, Halluzinatiounen, Wahniddien a si ginn och net mat hirer Perséinlechkeet eens.

auto_stories

3 min

headphones

22 min

De Psychiater Dr. Paul Rauchs an d'Mady Juchem | © Chris Zeien play_arrow

Jidderengem seng Perséinlechkeet hätt verschidde Facetten, sou de Psychiater. Déi schizophren, déi psychotesch Patiente kéinten déi verschidde Facetten net ëmmer ënner een Hutt bréngen: Dee Moment schwätzt ee vun enger gespaltener Perséinlechkeet. 

"Dat ass sécher net, wéi mer et aus de Filmer kennen, wou een ee mol den Dokter Jackill an ee mol de Mister Hide ass. Mee et si Patienten, déi hir Gefiller, hir Gedanken, hir Iddien net ënner een Hutt kënne kréien, zu enger richteger Perséinlechkeet. A si hunn ee gestéiert Verhältnis zur Realitéit an zu hire Matmënschen."

Wéi mécht se sech bemierkbar?

Bei hirem Fils wier d'Krankheet am Alter vun 20 Joer ausgebrach, seet d'Mady Juchem. Si ass Matgrënnerin vun enger Associatioun, déi fir d’Famillje vu Leit mat enger Psychos wëll do sinn.

"E war op der Uni Lëtzebuerg, wou en ee Moment gesot huet - well hien ëmmer gewëssenhaft geléiert huet - 'ech hunn de Kapp net fräi fir ze léieren'."

Dat hätt si stutzeg gemaach, erzielt d'Mady Juchem. Déi Wochen drop hätt sech hirem Bouf säi Verhalen ugefaange lues a lues ze veränneren.  Ee jonke Mënsch mat vill Frënn an Hobbyen hätt sech ëmmer méi zeréckgezunn. 

"Dat ass ganz schwéier nozekucken, wann dir mierkt: Do ass iergendeppes wat net stëmmt. Dir kritt awer d'Persoun net ze paken. Bis dunn am Oktober, wou eng erfueren Infirmière vum SPAT (soins psychiatrique à domicile) bei eis heem komm ass a wou mäi Jong du géint säi Wëllen an d'Clinique gaangen ass, wou e konnt Hëllef kréien."

Eng Psychos ass schwéier ze erkennen

Um Ufank vun de Verännerungen hätt si just gemierkt, datt hire Fils traureg gewierkt huet. Si hätt éischter un eng Depressioun geduecht oder en Echec op der Uni.

Dat wier ee ganz typesche Verlaf vun dëser Krankheet, seet de Paul Rauchs.

"Schizophrenie oder eng Psychos ass jo net eppes ass, wéi eng somatesch Krankheet, wou ee richteg Symptomer huet, wéi Féiwer, wéi Péng a sou weider. Et huet ee Symptomer wéi: Et gëtt een e bëssen anescht, et zitt ee sech zeréck, et hëlt een eventuell Drogen, et gëtt een eventuell aggressiv, depressiv."

Normalerweis géif d'Krankheet am Jugendalter ausbriechen an et wier schwéier se richteg ze erkennen, sou de Psychiater, zumools well d'Adoleszenz jo souwisou eng Period wier  an där vill Jonker Schwieregkeeten hätten.

D’nächst Woch sinn déi 8. Journées de la Psychose au Luxembourg. Zu Lëtzebuerg ass ee vu 6.500 Mënsche vun dëser Krankheet betraff.

D’AFPL organiséiert an den nächsten Deeg Konferenzen zum Thema Psychos. Méi Informatioune fannt dir op ënnert www.afpl.lu.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Gesondheet