Radioen

On air

Notturno  |  Klaus Johann Grobe - Try

play_arrow Live
search

/ Haiti: Presidentiellen Iwwergangsrot soll nees Uerdnung schafen 

No laange Verhandlungen

Haiti: Presidentiellen Iwwergangsrot soll nees Uerdnung schafen 

No wochelaangen, schwierege Verhandlungen, gouf et op Haiti elo een Accord iwwer e presidentiellen Iwwergangsrot. Deen soll probéieren, eng nei Regierung op d‘Been ze kréien, an déi ëffentlech Uerdnung op Haiti erëm hierzestellen.

auto_stories

1 min

UN Haiti | © ACN International
UN Haiti (Foto: ACN International)

Virun allem an der Haaptstad Port-au-Prince gëtt d‘Liewen aktuell vu kriminelle Bande regéiert. En plus soll dee Conseil déi éischt Walen zënter 2016 organiséieren. Wéini dee Conseil awer mat senger Aarbecht ufänkt, ass aktuell nach net kloer. Den aktuelle Premier Ariel Henry huet annoncéiert, wëllen zeréckzetrieden, esou bal eng nei Regierung steet.