Radioen

On air

Notturno  |  Louis Culture - Mannequin

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gusty Graas: "Den Donald Trump mécht de Wladimir Putin nees salonsfäeg"

US-Russland Gespréicher

Gusty Graas: "Den Donald Trump mécht de Wladimir Putin nees salonsfäeg"

Dem Donald Trump seng Aussoe géintiwwer dem ukrainesche President wieren inakzeptabel, seet de Gusty Graas (DP) am 100,7-Interview. Den US-President gëtt dem Wolodymyr Selenskyj indirekt d'Schold, datt de Krich no dräi Joer nach keen Enn fonnt huet.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow

Et wier ee vill vum Donald Trump gewinnt, mee dës rezent Aussoe ginn ze wäit, betount de Gusty Graas.

Hie stellt d'Fro, ob Russland nach wierklech vum ganze Westen als Aggressor ugesi gëtt. D'Ukrain ass jo och net invitéiert, fir d'Gespréicher fir de Krich op en Enn ze bréngen. Dat wier net nozevollzéien, betount de President vun der aussepolitescher Kommissioun an der Chamber. Den Aggressor kéint Proposen ënnerbreeden an dat Land, dat ugegraff gëtt, ass "absent", wann iwwer säi Schicksal berode gëtt.

Den DP-Politiker warnt iwwerdeems, datt de Putin schlau ass, an dës Situatioun ze notze wéisst. Grad d'EU, déi och net bei dëse Gespréicher dobäi ass, wier elo geschwächt. 

Lauschterenplay_arrow