Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Beck, Phoenix - Odyssey

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussbritannien: 6.000 Asazkräft vun der Police mobiliséiert

Krawalle vu Rietsextreemen

Groussbritannien: 6.000 Asazkräft vun der Police mobiliséiert

A Groussbritannie bereet d‘Police sech op weider méiglech Krawalle vu Rietsextreeme vir. Berichter no, wieren op d‘mannst 30 Protestaktioune fir haut geplangt. Bal 6.000 Asazkräft vun der Police goufe mobiliséiert. Cibléiert vun deene rietsextreme Krawalle sinn ënner anerem déi Leit, déi sech fir d’Rechter vu Geflüchteten asetzen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / Flynt play_arrow
Foto: Bigstock / Flynt

Déi rietsextreem Protestaktiounen haut si geplangt viru Flüchtlingsheemer oder nach viru Cabinete vun Affekoten, déi sech fir d’Rechter vun Asyldemandeuren asetzen.

500 Plazen a Prisonge fräi

Déi englesch Justizministesch Shabana Mahmood schwätzt vun inakzeptabelen Dreeunge géint e ganze Beruffsstand. Si warnt déi Leit déi bei de rietsextreemen Demonstratioune matmaachen, si géife festgeholl gi, genee sou wéi déi ronn 400 déi bis ewell scho festgeholl gi sinn.

Et wieren iwwerdeems nach iwwer 500 Plaze fräi an de Prisongen, ënnersträicht déi brittesch Regierung.

Eng Rei Länner warnen hir Staatsbierger:innen an England

Nieft enger ganzer Rei anere Länner, wéi beispillsweis Nigeria, Indonesien oder nach Australien, huet haut och China seng Landsleit gewarnt. Souwuel chineesesch Bierger:innen déi an England wunnen, oder do Vakanz maachen, sollen op hir Sécherheet oppassen an déi Plaze vermeiden, wou Krawallen ugekënnegt sinn.

Beméiunge fir d'Sécherheet vu betraffene Communautéiten

Déi brittesch Regierung hat gëscht Owend op en Neits hire Krisecomité zesummegeruff. De Premier Keir Starmer, deen zanter ronn engem Mount am Amt ass, huet de moslemeschen an deenen anere Communautéiten, déi vu Rietsextreme viséiert sinn, versprach, datt fir hir Sécherheet géif gesuergt ginn.

Bis ewell waren Heemer fir Flüchtlingen a Moscheeë cibléiert, Autoen a Gebaier sinn a Brand gestach ginn. Sécherheetspersonal ass verletzt ginn, an Dosende Asazkräfte vun der Police si verletzt ginn.

Krawalle berouen op falschen Informatiounen

Hannergrond vun de rietsextreeme Protester si Falschinformatiounen iwwert de Profil vum presuméierten Täter vun der Messerattack d’lescht Woch bei där 3 Kanner gestuerwe sinn.

An de soziale Medie gouf d‘Gerücht verbreet de presuméierten Täter wier een Asyldemandeur mat moslemeschen Hannergrond. D‘Autoritéiten hunn dat formell dementéiert. De 17-Joer ale Verdächtege wier a Groussbritannie gebuer. D‘Motiv vun der Messerattack bleift onkloer.

Lauschterenplay_arrow