search

/ Grondsteier op onbebauten Terraine bleift bei 1.200 Prozent

Esch

|
headphones

1 min

Grondsteier op onbebauten Terraine bleift bei 1.200 Prozent

D'CSV-DP-déi gréng-Majoritéit zu Esch huet um Freidegmoien am Gemengerot dofir gestëmmt, d'Grondsteier op onbebauten Terrainen bei 1.200 Prozent bäizebehalen.

headphones

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Den CSV-Buergermeeschter Christian Weis huet erkläert, datt d’Erhéijung zejoert, vu 600 op 1.200 Prozent vum Impôt foncier, just dozou gefouert hätt, datt op engem privaten Terrain e Projet realiséiert gi wier. Deemno wier den Impakt vun der Grondsteierhausse net grouss gewiescht.

De Marc Baum vun déi Lénk huet bedauert, datt Esch net op de Wee vun anere Gemenge geet, wéi beispillsweis Diddeleng, fir den Impôt foncier weider ze hiewen. Zum Beispill op 1.500 Prozent.

Donieft gouf ënner anerem nach eng Motioun vum LSAP-Conseiller Sacha Pulli iwwer d’Loyerspräisser zu Esch ugeholl. Den DP-Logementsminister Claude Meisch gëtt doran opgefuerdert, mat Gemengevertrieder iwwer seng ugekënnegt Reform a Saache Loyersplaffong ze diskutéieren.

An der Tëschenzäit missten an der Minettmetropol bal 40 € pro Meterkaree bezuelt ginn, wat och am nationale Vergläich vill werr, huet de Sacha Pulli an deem Kontext betount.