search

/ Gesondheetsministère reagéiert op Virwërf aus Wort-Artikel: Neutralitéit wier ginn

Affär Wilmes

|
headphones

1 min

Gesondheetsministère reagéiert op Virwërf aus Wort-Artikel: Neutralitéit wier ginn

An der Affär Wilmes reagéiert de Gesondheetsministère an engem Communiqué op Virwërf aus verschiddenen Zeitungsartikele. Et wier net um Ministère fir en Expert ze nennen, mee um Direkter vun der Santé. Iwwerdeems géif d’Expertisen a kompletter Neutralitéit erstallt ginn.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

D’Expertin hätt weder berufflech nach privat Verbindungen zu den Dokteren aus dem CHL, déi den Dr. Wilmes beim Collège médical denoncéiert hunn. Déi genannten Expertin vun der Santé wier onparteiesch an d’Behaaptungen an der Press – notamment dem Wort-Artikel vun de moien – wiere falsch, esou de Gesondheetsministère.

Keen Grond fir Onofhängegkeet unzezweiwelen

Datt d’Expertin mat engem vun den CHL-Doktere virun 10 Joer un enger Publicatioun zesumme geschafft hätt an och där nämmlechter Associatioun géifen ugehéieren, wier kee Grond d’Onofhängegkeet unzezweiwelen. 

D’Missioun vun der Expertise géif sech nëmmen drop bezéien, d’Faiten déi zur Suspendéierung gefouert hunn ze analyséieren an déi géife sech net just op d’Crimen beschränken, esou de Gesondheetsministère. 

D’Ministesch huet den Orthopäd Philippe Wilmes viru ronn engem Mount fir provisoresch fir dräi Méint vu senger chirurgescher Aarbecht suspendéiert. Elo sollen dräi Expertinnen an Experten iwwer déi denoncéiert Fäll tranchéieren.