Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Krieger: Et gi Mossname gebraucht, déi direkt gräifen

Wunnengsbau

Georges Krieger: Et gi Mossname gebraucht, déi direkt gräifen

Et musse Moossnamen ëmgesat ginn déi direkt gräifen, betount de Maître Georges Krieger, Affekot deen a Wunnengsbaufroe spezialiséiert ass. Eng gutt Moossnam an deem Sënn wier, datt de Staat fäerdeg Bauprojeten opkeeft.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Unsplash

De Premier Luc Frieden huet nom Logementsdësch fir dëst Joer een Ausbau vun der Bauprojet-Kafaktioun annoncéiert, wou de Staat oder d’Gemengen existent Bau-Projeten iwwerhëlt.

De Georges Krieger, erkläert, datt doduerch de Promoteur bei senger Bank iwwer de sougenannte Breakeven kënnt a seng Garantie bancaire d’achèvement kritt. Dat géif ëm dann erméigleche weider ze fueren.

Privatsecteur "à même" fir abordabele Wunnraum ze schafen

Een Impakt kéint och d’Propos hunn, fir datt de Privatsecteur am Beräich vum abordabele Wunnengsbau aktiv gëtt:

“De Privatsecteur ass absolut à même abordabele Wunnraum ze schafen an ass absolut à même, deen abordabele Wunnraum ze verlounen no deene Konditiounen, wéi de Staat hinnen se opdréit. Ech gesinn net an, firwat de Privatsecteur do net sollt agräifen.”

Investisseure kënne Marché beliewen

Wichteg wier et awer d’Investisseuren ze lackelen. Anescht ewéi Privatleit déi eng éischt Wunneng wëlle kafen, kéinten Investisseuren de Marché beliewen.

Eng Moossnam betrëfft dann och den Accord implicite wann d’Verwaltung net bannent engem Delai vu véier Méint äntwert. Do bemierkt de Maître Georges Krieger, datt et trotzdeem eng Verwaltungsdecisioun bleift an datt een als Drëtt Persoun awer kann ee Recours maachen.

 

 

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft