search

/ Frieden bedauert Konditioune vu Gewerkschaftsfront

Pensiounsreform 

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Frieden bedauert Konditioune vu Gewerkschaftsfront

De Premier Luc Frieden bedauert, datt d’Unioun vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB nëmmen ënner Konditioune bei der Reunioun den 9. Juli wëllt dobäi sinn. Dat huet den CSV-Politiker um Dënschdegmoie viru sengem Depart op Berlin däitlech gemaach. 

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
v.l.n.r. Marc Spautz, Nora Back, Luc Frieden
v.l.n.r. Marc Spautz, Nora Back, Luc Frieden

OGBL an LCGB haten um Méindeg an engem Bréif un de Regierungschef ugekënnegt, bei der Reunioun den 9. Juli wëllen dobäi ze sinn, wann eng Rei vu Bedingungen erfëllt ginn.

Zeréck bei den Tripartite-Sozialmodell

All Säite missten een Accord fir ee Retour bei den Tripartite-Sozialmodell fannen, esou eng vun de Konditioune vun de béide Gewerkschaften OGBL an LCGB. 

Hir aner Bedingung ass, datt de Programm vun der Reunioun vum 9. Juli no hire Wënsch soll ofgeännert ginn, an dat op de Punkte Kollektivverträg, Sonndesaarbecht an Ëffnungszäiten am Handel, Mindestloun a Pensiounsreform.

D’Gewerkschafte wieren ze laang gebeutelt ginn, an de Sozialdialog wier ze laang fir “Alibiveranstaltunge” mëssbraucht ginn, huet d’OGBL-Presidentin Nora Back am 100,7-Interview kritiséiert.

“An deem Sënn kënne mir d’Conditioun stellen, mir kommen nëmmen nach wann de Sozialdialog esou respektéiert gëtt, wéi en zu Lëtzebuerg zënter 40 Joer gefouert gëtt. (...) An dat heescht, mir kommen nëmmen nach, wa wierklech matenee verhandelt gëtt. (...))”

Regierung seet wat op den Ordre du jour kënnt 

Viru fënnef Wochen hat et vun OGBL an LCGB nach geheescht, et wéilt ee just nach an enger nationaler Tripartite diskutéieren, fir zu engem globale Konsens ze kommen. 

Et wier ëmmer besser wann een oppen a Gespréicher geet, esou d’Ausso vum Premier Luc Frieden.

“Wa jiddweree mat Konditioune kënnt, gëtt et natierlech ganz schwiereg. Mee mir wäerten dat an engem oppene Geescht an den nächsten Deeg kucken, an da kucke wéi mir domat ëmginn. Mir musse jo och nach op d’Äntwert vun den Entreprisë waarden an da muss d’Regierung jo och soe wat den Ordre du jour vun där Sitzung ass.”

An dat op Grond vum Bréif vun de Gewerkschafte, esou de Luc Frieden. D’CSV-DP-Regierung misst d’Conditioune vun OGBL an LCGB also nach diskutéieren.

Ob dës Bedingunge kënnen erfëllt, dat weess den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz net. 

“Do sinn der ganz vill dran (...) Mee fir mech schéngt et wichteg ze sinn, datt deen éischte Punkt, dee vun de Kollektivverträg – wat den Ausléiser ass, datt de Sozialdialog hei zu Lëtzebuerg Schwieregkeete kritt huet– datt dat villäicht de Punkt ass, dee muss geléist ginn. Op all deenen anere Saachen, mengen ech, ass et méiglech (...) a Verhandlungen Accorden ze fannen.)”

D’Roll vun der CSV-Fraktioun wier déi, fir zesumme mat der Regierung Léisungen ze fannen, esou nach de Marc Spautz.

Déi Gréng fuerderen Erklärungen 

An déi Gréng hätte gären, datt de Premier Luc Frieden am Chamber-Plenum d’Absichte vun der Regierung erkläert, nach virun der geplangter Sitzung vum 9. Juli. 

Et wier d’Responsabilitéit vun der Regierung d’Deputéiert doriwwer opzeklären, wéi si op d’Gewerkschafts-Revendicatioune wéilt äntwerten, esou déi béid gréng Deputéiert Sam Tanson an Djuna Bernard an hirem Bréif haut un de Chamberpresident Claude Wiseler.

play_arrow Lauschteren