arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséisch Assemblée nationale stëmmt iwwer Stierfhëllef of

Historesche Vott

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Franséisch Assemblée nationale stëmmt iwwer Stierfhëllef of

Haut um Dënschdegnomëtteg gëtt an der franséischer Assemblée nationale iwwer d’Aféierung vun der Stierfhëllef an eng Reform vun der Palliativmedezin votéiert. Bei der Stierfhëllef ginn d’Meenung auserneen. Et dierft deemno e spannende Vott ginn. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto)

Een historesche Vott haut an der Assemblée nationale iwwer zwee Gesetzestexter: Een iwwer d’Reform vun der Palliativmedezin, deen aneren iwwer een “droit à l’aide à mourir”.

Op dës Bezeechnung hat d’Assemblée Nationale sech no zwou Wochen Debat gëeenegt. Et wier keng Euthanasie, well déi betraffe Persoun déi déidlech Substanz selwer zou sech huele muss. Ausser si ass dozou net am Stand.

Diskussioune wat d'Krittären ugeet

Et gi fënnef strikt Konditiounen, déi erfëllt musse ginn, fir datt eng Persoun ka vun der Stierfhëllef Gebrauch maachen. Si muss volljäreg a franséisch sinn, de Wonsch selwer äusseren an un enger onheelbarer Krankheet leiden, an dat an engem avancéierten oder finale Stadium mat konstante Péng.

Besonnesch d’Definitioun vum avancéierte Stadium hat fir vill Diskussioune gesuergt. Dës wier an den eenzelne Fäll net ëmmer kloer. Och wieren d’Konditiounen insgesamt net streng genuch, warnen d’Kritiker, dorënner och de Premier François Bayrou, am Virfeld.

All Deputéierten dierf fräi entscheeden

Fir d’Ënnerstëtzer ass awer kloer, datt dëst Gesetz strikt genuch ass an datt concernéiert Persounen e Recht op een eegebestëmmten Dout hunn. Och wann et bei de Parteien Tendenze ginn, wäert et hei awer wuel net zu engem eestëmmege Vott kommen. A quasi all Partei ginn et intern Debaten an ënnerschiddlech Positiounen zur Stierfhëllef. 

D’Parteie verzichten haut dann och op Walvirgaben, mee loossen all Deputéiert fräi entscheede. Sollt d’Stierfhëllef eng Majoritéit kréien, muss och nach de Senat iwwer d’Gesetz entscheeden.

D’Stierfhëllef gëllt als ee vun de grousse gesellschaftlechen Ëmbréch, déi de President Emmanuel Macron nach a senger Amtszäit wëll ëmsetzen.

 

play_arrow Lauschteren