search

/ Franséische Premier Lecornu iwwersteet zwee Mësstrauensvotten

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Franséische Premier Lecornu iwwersteet zwee Mësstrauensvotten

De franséische Premier Sébastien Lecornu huet haut zwee Mësstrauensvotten iwwerstan an nees Gebrauch vum ëmstriddenen Artikel 49.3 Gemaach, fir de Budget duerch d’Parlament ze bréngen. Weider Mësstrauensvotte sinn awer scho virgesinn. Bei der Regierung ass een trotzdeem zefridden. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Sébastien Lecornu den 23.01.2026 | © PA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
De Sébastien Lecornu den 23.01.2026 (Foto: PA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Nëmmen 19 Stëmmen hunn der Gauche gefeelt fir d’Regierung ze stierzen. De Mësstrauensvott vu La France Insoumise huet knapp d’Majoritéit verfeelt. Och den zweete Mësstrauensvott vum rietsextremen RN krut net déi néideg Stëmmen.

Déi zwee Mësstrauensvotte koume well de Sébastien Lecornu trotz Verspriechen op den 49,3 ze verzichten sech um Enn fir dësen entscheet huet. Kuerz no de Mësstrauensvotten huet de Premier dunn och nach eemol den Artikel benotzt fir d’Partie “Dépenses” vum Staatsbudget duerchzekréien.

Den RN huet vun engem “passage en force” geschwat, och LFI sot et wier een “coup de force”. Den LFI-Deputéierten Éric Coquerel huet an der Assemblée kloer Wierder fonnt: "d’Regierung géing ee Budget presentéieren, wéi wann si eng absolut Majoritéit hätt".

Wuel weider Mësstrauensvotten an der Maach

De Premier Lecornu sot den Text wier net dee vun der Regierung, mee dee vum Parlament, et wier ee Resultat vu Kompromësser.  Den 49,3 wier alternativlos gewiescht. Direkt no der Ukënnegung vum zweeten 49,3 hunn d’Oppositiounsparteie reagéiert a weider Mësstrauensvotten ugekënnegt, déi d’Regierung nächst Woch iwwerstoe muss.

De Budget geet elo un de Senat, deen dëse wuel rejetéiere wäert, éier en dann als Ganzt nach eemol duerch d’Assemblée muss. Hei wäert de Premier eng drëtte Kéier den 49,3 benotzen. Och hei wäert d’Oppositioun wuel Mësstrauensvotten areechen.

play_arrow Lauschteren