Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fräisproch fir Alain Berwick a Steve Schmit

Urteel am Lunghi-RTL-Prozess

Fräisproch fir Alain Berwick a Steve Schmit

Am Prozess Lunghi-RTL sinn de Moien um Stater Bezierksgeriicht d‘Urteeler gesprach ginn. De Marc Thoma gouf wéinst Diffamatioun zu enger Geldstrof vun 1.000 Euro verurteelt, genee wéi och d‘Sophie Schram, an hirem Fall ass Calomnie zréck behale ginn. De fréieren RTL-Direkter, Alain Berwick a fréiere Programmchef, Steve Schmit goufe fräigesprach.

auto_stories

3 min

Mat deem Urteel huet d’Geriicht de Fuerderunge vum Parquet Rechnung gedroen. Deen hat de Fräisproch fir den Alain Berwick an de Steve Schmit gefuerdert, well net bewise wier, datt si aktiv an de Virfall involvéiert waren. Den Affekot vum Steve Schmit, de Maître Thierry Reisch, weist sech erliichtert, datt säi Client fräigesprach gouf a betount, datt déi ganz Affär  "beaucoup de bruit pour rien" war"

Den Enrico Lunghi kritt als Entschiedegung e symboleschen Euro.

Wat war geschitt?

D’Affär geet zeréck op den 3. Oktober 2016. Deemools gouf am Magasinn Nol op de Kapp op RTL eng Emissioun diffuséiert, an där den deemolege Mudam-Direkter, Enrico Lunghi, ze gesi war, wéi hien en Interview mat der Journalistin Sophie Schram genervt ofgebrach an hir den Aarm an de Mikro ewechgedréckt huet. 

Uganks sinn d’Accusatioune géint den Enrico Lunghi héich gekacht, den deemolege Premier Xavier Bettel huet hien ëffentlech kritiséiert, et gouf eng Disziplinarenquête ageleet. Um Enn huet de Mudam-Direkter sech fir säi Behuelen entschëllegt, an huet demissionéiert. Kuerz drop huet hien eng Plainte gemaach géint Onbekannt, fir säi Ruff nees hierzestellen.

An der Suite ass erauskomm, datt den RTL-Bäitrag esou montéiert gi war, datt en e falscht Bild vun der Situatioun erëm ginn huet. Et gouf och a Fro gestallt, op d’Sophie Schram tatsächlech un der Hand blesséiert gouf, sou wéi si et duergestallt hat. 

Marc Thoma an Sophie Schramm wäerten an Appell goen

Fir d’Riichter war de Fall kloer. Souwuel d’Sophie Schram, wéi de Marc Thoma, deen deemools fir d’Emissioun zoustänneg war, mussen eng Geldstrof an Héicht vun 1.000 Euro bezuelen. Den Affekot vum Marc Thoma, de Maître Daniel Baulisch, schwätzt vun enger Enttäuschung.

"Et ass schwéier novollzéibar, datt et hei awer zu engem Scholdsproch komm ass. Ech waarden elo d’Motivatioun of, mee et ass méi wéi sécher, datt d’Affär virugeet an datt den Här Thoma hei an Appell geet."

Souwuel d‘Sophie Schram wéi de Marc Thoma wäerten an der Affär Lunghi-RTL wuel an Appell goen. Dat hunn hir Affekoten allebéid confirméiert, nodeems d‘Urteel am Prozess verkënnegt gouf. De Maître Gaston Vogal, Affekot vun der Sophie Schramm, erkläert, op wéi engem Punkt si an Appell géife goen.

“Do hunn se dee Mann deboutéiert op engem Haaptpunkt, e ganz wichtege Punkt wou e gesot huet, ech hunn alles verluer, ech sinn am Aarsch, ech sinn net méi Direkter vum Mudam an dat muss bezuelt ginn, ech sinn an enger Depressioun...Zack, fort domat, net méi zur Rieds, Acquittement coups et blessures. Da bleift d’Affär vun der Diffamatioun, an do soe se selwer, et muss bewise sinn, datt eng Intentioun do ass. Mir mengen awer esou am Allgemenge vum Dossier, kéint een dat eraussoen. Dat ass de Punkt wou Appell gemaach gëtt, well dee fält flaach. An da si mer fäerdeg mat engem Dossier, dee 7 Joer laang den Trëttoir occupéiert huet, fir dräimol näischt.”