search

/ Formell Oppositioun vum Staatsrot géint de Gesetzesprojet "Zone verte bis"

National

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Formell Oppositioun vum Staatsrot géint de Gesetzesprojet "Zone verte bis"

Et ass nach net gewosst, wéi d'Regierung an d'Chamber op de kriteschen Avis vum Staatsrot zum Gesetzesprojet zu der neier "Zone verte bis" reagéieren. D'Regierung wëllt mat deem Projet an der Zone verte verschidde Baurestriktiounen ofschwächen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Staatsrot huet formell Awänn an eng global Opposition formell géint de ganze Projet, well et ze vill Onkloerheete géif ginn. Den Avis géif aktuell vu Juristen analyséiert ginn, éier een zesumme mam Inneministère kucke kéint, wéi et weidergeet, heescht et aus dem Ëmweltministère. 

Ze vill Onkloerheeten 

Dem Avis vum Staatsrot no ass ënner anerem de Begrëff "Aménagement modéré" net prezis genuch definéiert. Deemno wier onkloer, wat an de Gréngzonen dierf gemaach ginn a wat net. D’Iddi vun der Regierung war et, bestoenden Haiser an enger Gréngzon, déi isoléiert leien, e bësse méi Spillraum ze ginn a kleng Renovéierungsaarbechten ze erlaben.

Well den Text hei awer ënnerschiddlech interpretéiert ka ginn, besteet ee Risiko vun Ongläichbehandlung, mengt déi fréier gréng Ëmweltministesch an aktuell Deputéiert Joëlle Welfring.

"Wann eng Gemeng oder déi 100 Gemenge selwer mussen decidéieren, wat elo eng soe wäert a wat net, well do keng kloer Krittären dra stinn."

Ëmweltminister hält sech bedeckt 

Dat géif zu ganz vill verschiddenen Definitioune féieren, esou d'Joëlle Welfring. 

"Da musse se innerhalb vun deenen Zonen dann och nach selwer decidéieren, wat dann e maassgeeblechen Agrëff an d'Natur oder an d'Landschaft ass." 

Den CSV-Minister Serge Wilmes hält sech iwwerdeems bedeckt.

Den Avis vum Staatsrot géif aktuell vu Juristen analyséiert ginn an da misst een zesumme mam Inneministère kucken, wéi et weidergeet, esou den eenzege Statement dozou aus dem Ëmweltministère.

Weider Ouverture muss gutt beduecht ginn 

Der Joëlle Welfring no hätte schonn d’Ännerunge vun 2023 d’Rechtssécherheet fir legal bestoend Gebaier an der Gréngzonen däitlech verbessert. Weider Ouverturë missten awer gutt duerchduecht sinn.

"Dat muss an Aklang bruecht ginn, ëmmer erëm mam Aménagement communal a mam Aménagement du territoire. Dat ass ganz evident.

Dofir hätt ee schonn eng parlamentaresch Fro gestallt leschte Summer, esou d'Joëlle Welfring. 

"Wou mir gefrot hunn, wann do elo nach weider Ouverturë kommen, ass dat wierklech duerchduecht an och a Kohärenz mat eisen Ziler, déi mir hunn, fir eis Landesplanungen?" 

Mam Bauen an de Gréngzone misst ee virsiichteg ëmgoen, dofir misst hei d’Strategie fir dat ganzt Land kloer gereegelt sinn, esou nach d’Deputéiert vun déi gréng Joëlle Welfring.

play_arrow Lauschteren