Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Mark Ronson - The Bike Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fondation de la Maison de la Porte Ouverte iwwerhëlt d'Sekretariat vum Flüchtlingsrot

Fir ee Joer

Fondation de la Maison de la Porte Ouverte iwwerhëlt d'Sekretariat vum Flüchtlingsrot

Beim Lëtzebuerger Flüchtlingsrot huet d’Fondation de la Maison de la Porte Ouverte haut fir ee Joer d’Sekretariatsaarbecht iwwerholl. Dës ONG ënnerstëtzt ënner anerem net begleete Mannerjäreger an Affer vu Mënschenhandel.

auto_stories

1 min

Déi lescht 12 Méint haten Amnesty International Lëtzebuerg a Médecins du Monde d’Sekretariat beim Collectif Réfugiés gemaach.

Wéinst dem Detournement vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas, an Aussoen an deem Kontext vum Premier Luc Frieden, hat de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot de virun zwou Wochen däitlech gemaach, dat d’Betreiung vu Flüchtlingen iwwer alle finanziellen Iwwerleeunge misst stoen.

De Collectif Réfugiés hat och seng Solidaritéit mat deene Beschäftegten a Fräiwëllege bei der Caritas ausgedréckt. De Flüchtlingsrot huet de Moment 14 Memberen, dorënner ass och d’Caritas.