Déi komplett Lëscht fir d’Europawale vu Fokus gëtt eréischt Enn Mäerz bekannt grad ewéi de Walprogramm.
De Frank Engel gesäit fënnef Prioritéiten an Europa, virop bedauert hien, datt d’EU hir eegen Energieversuergung oder Ernierung net ka selwer assuréieren. Och déi rietsextreem Parteie maachen him Angscht.
Eng Gefor gesäit hien a Bezuch mat Russland, datt d’EU nach ëmmer op eng Militär Hëllef vun den USA waart. Dat géif een am Fall vun der Ukrain gesinn. Hie plädéiert nach eng Kéier fir eng europäesch Verdeedegungsstrategie. Fir déi ze finanzéiere missten d’EU-Memberlänner och dran investéieren.
"Verteidegung geet net vum selwen a mir kënnen net erwaarden, datt déi nächst 500 Joer laang, ëmmer d'Vereente Staate sollen do sinn, wann et hei kraacht. Si wäerten et net maachen an dat ass onofhängeg dovun, ob den Donald Trump nach eng Kéier President gëtt, wat hei kee wëllt, wat awer vill Amerikaner wëllen a wat si och letztlech decidéieren. Mee onofhängeg dovun, ob heen dat gëtt oder net, all amerikanesche President, all amerikaneschen Aussenminister, Verteidegungsminister, all relevant amerikanesch Kongress-Deputéierter soen eis zënter laang virum Donald Trump, an och haut nach an och mar nach, datt och si erwaarden, datt Europa méi a seng eege Verteidegung investéiert. An ech si frou, dat ass op alle Fall eng vun deene Saachen, déi mech erbaut hunn bäi der Lecture vum Coalitiounsaccord, datt mir wëllen den NATO-Bäitrag vun zwee Prozent vum Bruttoinlandsprodukt erreechen."
De Frank Engel fuerdert och, datt an der EU, den eestëmmege Vott am Conseil ofgeschaaft gëtt, soss géif d’EU komplett blockéiert ginn.