An der Rue de l’hôpital liewe 60 Refugiéen. D’Gebai ass al a misst sanéiert ginn, doriwwer ass ee sech eens. Ee fréiere Refugié beschreift d’Struktur déi de Läit, déi dacks zanter Joren dra liewen, keng Privatsphär erméiglecht. D’Heizung war eng Zäit en panne an och déi sanitär Situatioun wier net gutt. D’Toilettë sinn um Stack an a Punkto Wäschmaschinn ginn et och Problemer.
"Tous les gens utilisent la même machine à laver et le même sèche-linge. Il n’y a pas vraiment une place pour sécher les vêtements."
Ënnerschiddlech Meenungen
Et ass ee sech driwwer eens: d’Struktur muss renovéiert ginn, mee wouhinner mat de Leit? Déi gréng vun Déifferdeng hunn do un déi al Maternité geduecht, wéi de Maxime Pantaleone vun den Déifferdenger Gréngen erkläert.
"D‘Gebai gouf 2021 ganz nei gemaach bannendran. D‘Kichen ass fuschnei. Dat wier eng Opportunitéit fir d‘Refugiéen, déi an der Spidolsstrooss liewen, eriwwer ze plënneren a fir se wärend den Aarbechten an der Maternité ze halen. D‘Gebai, wou spéiderhin eng Schoul soll dra kommen, kann an den nächste Joren esou genotzt ginn, bis datt d‘Bauaarbechte fir d‘Schoul ufänken. Parallel kann dat aktuellt Gebai sanéiert ginn."
Fir den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch ass dat keng gutt Optioun.
"D‘Maternité, déi huet kleng Zëmmer vu véier Meter op véier, an do missten onheemlech Transformatioune gemaach ginn, fir datt mir dat familljegerecht kéinte maachen. Fir dat familljegerecht ze maachen, da misste mir scho rëm praktesch sechs Méint do investéieren, fir e Provisorium ze schafen."
D'Leit brauchen hir Privatsphär
An der Pasteursstrooss kéint een am ale Policegebai eng Alternativ fannen, déi laangfristeg kéint genotzt ginn.
"Wa mir et fäerdeg bréngen, déi Gebaier ze recuperéieren an der Pasteurstrooss, da si mir frou, datt mir do net de Provisorium schafe fir déi Leit, mee eng Plaz schafen, wou mir hannenaus och nach d'Méiglechkeet hunn, bäizebauen a wou mir och nach d'Méiglechkeet dann hunn, déi Leit aus dem Nopeney dohinner ze logéieren an dee selwechte Quartier, wéi déi Leit aus der Rue de l'Hôpital."
Dat aktuellt Gebai an der Spidolsstrooss kéint da ganz ofgerappt an nei opgeriicht ginn. De fréiere Bewunner vun enger Flüchtlingsstruktur mécht drop opmierksam, datt een de Leit eng Privatsphär soll schafen. A verschidde Strukture kënne se selwer kachen. An anere kréien se d’Molzecht geliwwert. Dat misst geännert ginn.
Problematesch ass och, datt se jorelaang zu puer an engem Zëmmer liewen. Wann d’Kanner kleng wieren, wier dat nach ok, mee dono bräichten se och hiren Espace. Och d'Tatsaach, datt ee Gardien de Foyer iwwerwaacht, erënnert éischter un engem Prisong. Et wier och schwiereg fir Visiteuren eranzeloossen oder fir se privat kënnen ze empfänken.