Radioen

On air

9 bis 1  |  Primer - Feel The Way I Do

play_arrow Live
search

/ Wéinst der Wiedersituatioun: Fleegedéngschter hunn hir Servicer ugepasst

Äisreen a Schnéi

Wéinst der Wiedersituatioun: Fleegedéngschter hunn hir Servicer ugepasst

Wéinst de Wiederkonditioune koum et bei den Hëllef- a Fleegedingschter am Land haut zu manner Asätz wéi soss op engem Dag. Fir Leit, déi méi op Soinen ugewise si wéi anerer, gëllt awer zum Beispill bei “Hëllef doheem” a bei “Help” eng Hierarchie vun de Passagen, dem jeeweilege Grad vun der Ofhängegkeet no.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

„Et gëtt deene Leit gehollef, déi Hëllef brauchen, och wann et glat ass, oder wann et schneit. D’Aides an d’Soins à domicile sinn 365 Deeg am Joer ze leeschten, a fir verschidde Leit 24 op 24!”, seet de Luc Scheer, Direkter vun der Kommunikatioun beim Roude Kräiz, dat de Reseau “Help” geréiert. Deem seng Mataarbechter wieren dann och entspriechend equipéiert.

Clienten hu Passagen deelweis selwer annuléiert

D’Mataarbechter vun “Help” wieren dofir zum Beispill och bei Leit heemgaangen, déi normalerweis Soinen an engem Centre de jour kréien. Am Laf vum Moien hätt et och dono ausgesinn, wéi wann ee sech ëm all d’Patiente kéint bekëmmeren, huet de Luc Scheer betount. Hie sträicht ervir, datt ee selwer vu verschiddene Clienten ugeruff kritt hätt, déi soten, datt d’Help-Mataarbechter net laanschtkomme missten, wann et knapp géif ginn.

“Dat ass natierlech och eppes, wou mir eis Responsabilitéit mussen huelen, a wann e Patient eis dat proposéiert, a mir mengen, datt de Passage awer néideg wier, da verzichte mer net drop”.

Woubäi Aktivitéite wéi Botzen eppes anescht wieren, wéi wann een eng Sprëtz misst kréien.

"Hëllef doheem" huet de Plan intempéries ausgeruff

Fir de Benoît Holzem, Generaldirekter vun “Hëllef doheem”, hätt ee gëschter Owend, wéi d’Cellule de crise vun der Regierung zesumme koum an eng Alerte erausginn hat, d‘Decisioun geholl, fir den interne Plan intempéries ze declenchéieren. Dee gesäit ënner anerem vir, datt ee sech prioritär ëm déi Cliente këmmert, déi am meeschten Hëllef brauchen.

Wat d’Sortië betrëfft (wann eng Persoun zum Beispill muss bei den Dokter oder muss akafe goen), géifen déi haut vun “Hëllef doheem” iwwerholl ginn, ouni datt d’Cliente missten eraus. Sou Sortië wieren awer och zum Deel selwer vun de Clienten annuléiert ginn.

Wéinst gladen Trottoirë wier et deelweis och schwéier gewiescht fir déi Leit an den Auto ze kréien, déi eng Betreiung am Foyer du jour onbedéngt brauchen.

Retarden an Annulatioune beim Repas sur roues méiglech

Donieft hätt een och eng Garde doheem kënne proposéieren, fir datt d’Leit net eleng wieren a sou no hinne géif gekuckt ginn, sot de Benoît Holzem.

Servior hat iwwerdeems de Moien an engem Schreiwes matgedeelt, datt et haut zu Problemer beim Service Repas sur roues an am Foyer du jour “Geenzebléi” zu Wolz kéint kommen. Beim Repas sur roues wiere Retarde méiglech, respektiv wier et ënner Ëmstänn souguer onméiglech, fir Iessen ze liwweren. Wat de Wëlzer Foyer du jour ugeet, géifen d’Clienten entweder mat Verspéidung oder awer guer net doheem ewechgeholl, fir an de Foyer ze kommen.

Et géif een dru schaffen, datt d’Servicer sou séier wéi méiglech nees normal lafe géifen, hat et nach vu Säite vu Servior geheescht.

Lauschterenplay_arrow