Et ass een Theema, zu deem an de leschte Woche schonn esou vill gesot gouf, datt munch ee mëttlerweil ofwénkt, wa Rieds geet vum Stater Heescheverbuet. Ech wëll déi Diskussioun hei och net op en neits oprullen, mee se just als Beispill huele fir déi Aart a Weis mat där d’Politik hir Glafwierdegkeet op d’Spill setzt ,wa se net mat der néideger Éierlechkeet hir Decisioune verteidegt.
De Géigendeel vun deem, wat behaapt gëtt
Zanter déi Stater Responsabel hir Initiativ virgestallt hunn, gi se net midd ze betounen, et géing just ëm aggressiv oder déi organiséiert Heescherei goen, an net ëm den éierlechen aarme Schlucker, dee ganz roueg mat engem Becher viru sech op e bësse Mënz vun de Passanten hofft.
Dobäi kann ech jo awer liesen, a wann an engem Text steet, all aner Form vu Mendicitéit wier verbueden, an dat just nodeems déi organiséiert Heescherei explizit erwäänt gouf, verstinn ech, datt eben net ënnerscheet gëtt. Datt also schwaarz op wäiss de Géigendeel steet vun deem, wat ëffentlech behaapt gëtt.
Mee esouguer nodeems d’Presidentin vun der Policegewerkschaft ëffentlech zu Protokoll gëtt, datt hir Beamte bei dëser Mesure all Heescherten d’selwecht behandele mussen, gëtt weider vun der Stater Buergermeeschtesch de Contraire gesot. Wat een eppes méi dacks widderhëlt, soll wuel d’Chance klammen, datt d’Leit et iergendwa fir boer Mënz huelen. Op d'mannst déi, déi net liese kënnen.
Wie liest da schonn dat Klenggedréckten
Och den Innenminister hofft wuel, datt kee sech d’Méi mécht, am Code pénal nozeliesen, op da wierklech déi einfach Mendicitéit verbueden ass. Esou wéi hien dat e puer Mol mat der Autoritéit vu sengem Amt behaapt huet.
Do steet nämlech, datt den alen Text ofgeschaaft gouf. An enger Foussnott gëtt erkläert firwat, an ergänzt, datt d’Justizautoritéiten dat esou gesinn. Déi selwecht Justiz, déi am Endeffekt soll entscheeden, op een einfachen Heeschert ka verurteelt ginn, huet dës Fro also scho mat Neen beäntwert.
Mee wie liest da schonn dat Klenggedréckten, wäert de Minister sech geduecht hunn, a widderhëlt seng wëll Behaaptung esouguer nach kierzlech an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro.
D'Glafwierdegkeet ass verluer
Do fillen ech mech dann als mündege Bierger fir domm verkaf an zwar vun deene Leit, deenen d’Gestioun vun der ëffentlecher Saach - der Res publica - uvertraut gouf. An ech kéint emol op d’Iddi kommen, datt d'Heescheverbuet net déi lescht Entscheedung war, bei där dem Bierger een X fir een U virgemaach gëtt.
Als Affekot ass mäi wichtegst Kapital bei Geriicht meng Glafwierdegkeet. Aas déi verluer, gëtt et schwéier, Riichter vun der Cause ze iwwerzeegen, déi ee vertrëtt. Dat ass nach méi wouer fir d’Politik. Wa si et net fäerdeg bréngt, hir Entscheedunge mat Fakten ze begrënnen an ouni déi ze verdréinen, dann ënnergrueft si d’Vertrauen an hiert Schafen an d’Akzeptanz vun hiren Decisiounen.
Da kënne mir eis nach esou vill an zu Recht iwwer Rietspopulisten opreegen, déi Karikaturiste bedroen. Wa Leit a Regierungsverantwortung net mam gudde Beispill virginn, da schëdde si just Waasser op d’Mille vun deenen, déi der Wourecht am ëffentlechen Debat de Kampf ugesot hunn.