arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernand Kartheiser huet d’Demande fir de Mësstrauensvott mat ënnerschriwwen

EUROPAPARLAMENT

|
headphones

2 min

Fernand Kartheiser huet d’Demande fir de Mësstrauensvott mat ënnerschriwwen

Am EU-Parlament gëtt um Ufank vun der Juli-Sessioun iwwert ee Mësstrauensvott géint d’Europäesch Kommissioun debattéiert. D’Demande kënnt vu rietsen a riets-extremen EU-Deputéierten, dorënner de Lëtzebuerger ADR-Politiker Fernand Kartheiser.

headphones

2 min

Am am spéide Méindeg Nometteg gëtt am Europaparlament iwwert ee Mësstrauensvott géint d’Europäesch Kommissioun debattéiert. 

D’Demande gouf vum riets-nationale rumäneschen Europadeputéierte Ghoerghe Piperea initiéiert. A senger Motion de Censure gëtt der Kommissiounscheffin ënner anerem Intransparenz a falsche Management an der Corona-Politik reprochéiert. Si gouf ënner anerem vum Lëtzebuerger ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser mat ënnerschriwwen.

Demande fir Motion de Censure kënnt vu Membere vu riets a riets-extreme Parteien

Fir ee Mësstrauensvott ze initiéieren, ginn d’Ënnerschrëfte vun op mannst engem Zéngtel vun den am Ganze 720 EU-Deputéierte gebraucht.

Déi meescht vun de 77 Signatairë vun dëser Demande kommen aus rietsen oder rietsextreme Parteien. Ënnert hinne sinn eng Partie Membere vun der Fraktioun vun den “Europäesche Konservativen a Reformer”, déi meescht vun hinne kommen aus der polnescher PiS-Partei.

De Fernand Kartheiser war bis viru Kuerzem Member vun der EKR-Fraktioun. Hie gouf Uganks Juni wéinst senger pro-russescher Haltung Uganks Juni aus der Fraktioun erausgepucht. Mat ënnerschriwwen hunn och Membere vun der riets-extremer Fraktioun vun de “Patriote fir Europa”, där dem Viktor Orban seng Fidesz-Partei genee ewéi de franséische “Rassemblement National” sech ugeschloss hunn.

Ganze Collège vu 26 EU-Kommissäir:inne present an der Plenière

Bei der Debatt haut ass d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen zu Stroossbuerg perséinlech mat derbäi. Et gëtt och erwaart, datt hir ganz Ekipp vun de 26 EU-Kommissären an der Plenière wäert sinn.

De Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen ass eegenen Aussoen no present. Dat géif sech an esou engem Fall esou gehéieren, sou den CSV-Politiker géintiwwer dem radio 100,7.

Et ass virgesinn, datt een Deputéierte pro Fraktioun d’Wuert ergräift. D’Kommissiounscheffin kann op déi Interventiounen äntwerten.

Wann d’Motioun net zeréckgezu gëtt, ass de Vott fir en Donneschdeg virgesinn. Et gëllt als onwarscheinlech, datt e vun enger Majoritéit am Europaparlament matgedroe gëtt.