Eng politesch Fraktioun kann net funktionéieren, wann hir Kärprinzippien a Fro gestallt ginn, heescht et an engem Statement vun de Fraktiounscheffe vun der EKR.
De Co-Fraktiounschef vum EKR-Grupp Nicola Procaccini huet no der Entscheedung festgestallt:
“There are moments when silence would mean complicity, and when actions must speak for our values. Our support for Ukraine is not rhetorical.”
D’Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer huet domat elo just nach 79 Memberen.
Déi gréisst national Delegatioun ass déi italieenesch mat de Vertrieder vun de “Fratelli d’Italia”, der Partei vun der Premierministerin Georgia Meloni. Déi polnesch PiS-Partei ass mat 20 Europadeputéierten an där Fraktioun vertrueden.
Onkritesch Aussoen zum Krich an der Ukrain
Et war virop de schweedeschen Europadeputéierte Charlie Weimers, deen d’Expulsioun vum Lëtzebuerger Fernand Kartheiser aus der EKR-Fraktioun gefrot hat. Där Demande hate sech d’Vertrieder vu sechs aneren nationalen Delegatiounen ugeschloss.
De Fernand Kartheiser war ëmmer erëm wéinst sengen onkriteschen Aussoe par Rapport zum russesche Krich an der Ukrain intern an der Fraktioun op Kritik gestouss.
Seng Rees op Moskau de virleschte Weekend an d’Gespréicher do mat Vertrieder, déi op der Sanktiounslëscht vun der Europäescher Unioun stinn, hat d’Faass zum Iwwerlafe bruecht.