Radioen

On air

9 bis 1  |  Fënster Op

play_arrow Live
search

/ Fernand Kartheiser: "Ech fille mech wuel a menger Fraktioun"

EUROPAPARLAMENT

Fernand Kartheiser: "Ech fille mech wuel a menger Fraktioun"

D’Positioun vum Fernand Kartheiser iwwer de Konflikt an der Ukrain widdersprécht där vu senger Fraktioun vun den "Europäesche Konservativen a Reformer". Se läit méi no bei där vun de "Patriote fir Europa". Ee Wiessel ass fir de Moment net virgesinn, awer och net ausgeschloss, esou den ADR-Europadeputéierten.

auto_stories

3 min

Foto: European Union

D'Europaparlament warnt virun enger weiderer Eskalatioun am Krich an der Ukrain. D'Amësche vun Nordkorea an de Konflikt géif eng nei Phas an deem Krich markéieren, heescht et an enger Resolutioun, déi en Donneschdeg zu Stroossbuerg adoptéiert gouf. Doranner rifft Parlament dozou op, d'Ukrain méi staark militäresch ze ënnerstëtzen.

Déi Positioun ass um rietsen an um lénke Bord éischter ëmstridden. Woubäi d'Meenunge bannent deene Fraktiounen deels auserneeginn.

ECR rifft dozou op, ferm op der Säit vun der Ukrain ze stoen

Offiziell rifft déi riets-Konservativ Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer, kuerz ECR, dozou op, fest un der Säit vun der Ukrain ze stoen. Deen Appell gouf dës Woch an engem Pressecommuniqué widderholl. Si steet also hanner där Resolutioun vum Parlament.

D'Geschicht géing keen Appeasement verzéien - sot an der Plenière zu Stroossbuerg de letteschen Europadeputéiert vun der ECR, de Rihards Kols.

Et muss een der Ukrain all d'Waffe ginn, all Sanktioun géint d'Frënn vu Russland aféieren an dat russescht Verméigen dofir huelen, fir dat nees opzebauen, wat Russland zerstéiert huet.

Fernand Kartheiser steet net hanner der Resolutioun vum EU-Parlament

Ganz aner Klack an der rietser Fraktioun vun de Patriote fir Europa

"Nous ne devons pas être les suiveurs d'une stratégie belliciste et encore moins les complices d'une surenchère qui ne mène qu'à la destruction. Face à ces tensions grandissantes, nous exigeons donc une nouvelle fois une seule priorité: la paix."

Esou de Jean-Paul Garraud vum franséische Rassemblement National. Och fir de Fernand Kartheiser steet fest: Déi dote Resolutioun ënnerstëtzt hien net.

"A meng Positioun ass ganz kloer, ech ënnerstëtze keng Resolutioun, déi net fir eng kloer Friddensléisung sou séier wéi méiglech antrëtt."

Den Europadeputéierte vun der ADR ass Member an der ECR Fraktioun an net an där vun de Patrioten. An der ECR géif et kee Fraktiounszwang, dorop weist de Lëtzebuerger hin.

"Ech si pro-ukrainesch selwer an och pro-russesch. Ech hätt gären eng Friddensléisung. Fir mech ass dat, wat zielt."

Déi Léisung, schléisst net aus, esou de Fernand Kartheiser, datt d'Ukrain eventuell muss Territoiren opginn.

"Do ass eeben elo eng Verhandlung ze féieren. Ech kann Iech net am Viraus soen, wat dobäi erauskënnt. Ech wëll Iech just soen, datt mer och an der diplomatescher Geschicht zënter dem Zweete Weltkrich eng ganz Rei vun territorial Verännerungen no Kriche kannt hunn. Do kann een d'accord sinn oder net. Mee dat ass nun eemol dat, wat geschitt ass."

Firwat net Patrioten amplaz ECR?

De Widdersproch mat der Positioun vu sengem Grupp, dem ECR, ass genee esou evident wéi d'Proximitéit zu deem vun de Patrioten. Dowéinst imposéiert sech d'Fro, ob hien net besser an där leschter Fraktioun opgehuewe wier?

"Also ech fille mech an der ECR wuel. Ech hunn eng ganz Rei Positiounen, déi ech mat de Kolleegen deelen."

Hien hätt, esou den ADR-Politiker, awer och vill Gemeinsamkeete mat aneren.

"Wann dat sech iergend wéini eng Kéier sollt änneren, well hei souwisou eventuell Fluktuatiounen an Europa am Gespréich sinn tëschent Parteiefusiounen oder aner Forme vun Zesummenaarbecht, kann ech och ganz gutt domadder eens ginn. Mee ech fille mech wuel an der ECR."

Ee Wiessel an de Grupp vun de Patrioten, an deem d'Vertrieder vun der ungarescher Regierungspartei Fidesz an déi vum franséische Rassemblement setzen, ass deemno net ausgeschloss. 

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.