Dat wier eng a sengen Aen "récksichtslos" Ideologie, déi eis Gesellschaft "polariséieren a radikaliséiere" géif.
Enn leschte Mount sot de Gérard Schockmel schonn am 100,7-Interview, datt hien dogéint ass fir d'Recht oder d‘Fräiheet op Ofdreiwung an d'Verfassung ze schreiwen. Et wier traureg, de Weekend mat esou engem "Gaaschtbäitrag" unzefänken, an dat am Joer 2025, esou d‘Yuriko Backes.
Feminismus wier keng radikal Ideologie, an et wier net de Feminismus, dee splécke wëllt. "Et sinn Tendenzen, déi d’Auer zeréckdréie wëllen, déi dës Intentioun hunn“, esou d‘Ministesch.
Den Text, fir d’Fräiheet op Ofdreiwung an d’Verfassung opzehuelen, gouf d‘lescht Woch iwwerdeems an der zoustänneger Chamberkommissioun mat breeder Majoritéit ugeholl. E geet elo an de Staatsrot.